
No engem Defizit vun iwwer 5 Millioune schléisst den Äerzbistum seng Konten zejoert mat engem Boni vun 2,4 Milliounen of, virun allem wéinst Verkeef vu Bauterrainen an engem substantiellen Don, deen d'Kierch krut. Déi global Bilanszomme vun der Lëtzebuerger Kierch, déi eng 230 Salariéen zielt, chiffréiert sech op eng 180 Millioune bei 28 Millioune Scholden.
Dëst geet aus dem Joresrapport vum Äerzbistum ervir, an deem een och liese kann, datt mat engen 1.600 Kommuniounen dës Zuel stabel bleift, iwwerdeem mat knapp 1.400 Dafen ëmmer manner Kanner gedeeft ginn (2022 waren et der nach knapp 2.000).
Zejoert goufe 760 Leit gefirmt, ee Chiffer, deen iwwert d'Joren zouhëlt, iwwerdeem dee vun de Begriefnesser mat 2.100 Trauergottesdéngschter stabel bleift.
Ware viru 4 Joer nach knapp 300 Leit aus der Kierch ausgetrueden, waren dat zejoert eng 210 Persounen.
Aktuell zielt d'Kierch 150 Geeschtlech, wouvunner eng 70 Prozent nach hir Pai ënnert dem Regime vu virun der Trennung tëscht de Kierchen an dem Staat kréien. Dëst si 16 Paschtéier manner wéi nach 2024.
Markant Evenementer am Kierchejoer waren natierlech den Trounwiessel, d'Pilgere bei d'Muttergottes wärend der Oktav, den Doud vum laangjäregen Generalvikar Mathias Schiltz, mä och d'Daf vu 44 Erwuessenen an der Ouschternuecht.