ZeienopruffMann wollt enger Fra hëllefen a gouf dobäi mat spatzem Géigestand ugegraff

RTL Lëtzebuerg
D'Police mécht en Zeienopruff wéinst engem Fall vu Kierperverletzung zu Gaasperech an der rue Gerhard Mercator, dëse Samschdeg géint 12 Auer.

E Mann gouf an der Rue Gerhard Mercator ugegraff, wéi hien enger jonker Fra hëllefe wollt. Déi gouf nämlech vun engem anere Mann belästegt.

Wärend de Mann, deen hëllefe wollt, déi jonk Fra gefrot huet, ob alles an der Rei wier, huet deen anere Mann hie vun hannen mat engem spatzen Objet attackéiert. Heibäi ass de Pullover vum Mann futti gefuer an hie gouf liicht um Réck blesséiert.

Doropshin huet den Täter de Mann mat deem nämmlechten Objet och am Gesiicht blesséiert. D'Fra ass fortgelaf.

Gesicht gëtt souwuel den Täter, wéi och d'Fra déi belästegt gouf. All Indice ass fir d'Stater Police, via Telefon um 244 40 1000 oder via Email op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu

Beschreiwung am Police-Bulletin vum 22. Mee 2021

  • Beschreibung des flüchtigen Angreifers: Der Mann war ca. 1m90 groß, von dünner Statur, hat kurzes dunkles Haar, trug im linken Ohr einen Ohrring in Form eines Diamanten und sprach luxemburgisch. Derselbe war bekleidet mit einem Nike Jogginganzug von schwarzer Farbe und trug weisse Sportschuhe. Ebenfalls hatte er die Kapuze seines Hoodies ins Gesicht gezogen.
  • Die Frau welche belästigt wurde war von kleiner, dünner Statur, hatte schulterlanges dunkelbraunes Haar. Sie war bekleidet mit einer weissen Jacke, einer grauen Jeanshose und trug helle Schuhe.
Back to Top
CIM LOGO