
Hie war deemools mëttes mat sengem Auto op déi aner Stroossesäit geroden an an d'Gefier vum spéideren Affer gerannt; an deem Won waren 3 Leit verwonnt ginn. Beim Affer war et an den Deeg nom Accident zu uerge Komplikatioune komm an zum Versoe vun e puer Organer, soudass de Mann 5 Deeg drop am Alter vun 78 Joer verscheet war.
Dem Geriichtsmedeziner no gouf et e kausalen Zesummenhank tëscht dem Accident an dem Doud vum Mann, an en techneschen Expär konnt d'Ausso vum Beschëllegten net confirméieren, dass deem säi Steierrad op eemol blockéiert hätt an et dowéinst zum Accident komm wär. Den Ugeklote sot gëschter um Enn vun der Sëtzung, et géif him leed doen, wat geschitt ass, hie géif dat wierklech bedaueren a wéilt sech bei der Famill entschëllegen.
Do virdrun hat d'Me Gabbana als Affekotin vun de Parties civilen am Ganzen 350.000 € Schuedenersatz fir d'Fra, d'Enkelin an déi zwou Duechtere vum Affer gefrot, respektiv eng Expertise. De Me Karp, Affekot vum Beschëllegten, huet iwwerdeems ervirgehuewen, dass keen Alkohol, keng Drogen a keen Handy am Spill waren; well keng Absicht virgeleeën hätt, sollt keng fest Prisongsstrof gesprach ginn, mä eng mat Sursis oder Sursis probatoire.
Op dee Wee ass de Vertrieder vum Parquet matgaangen, deen um Enn 3 Méint Prisong mat Sursis, eng ugemoosse Geldstrof an e Fuerverbuet vun zwee Joer verlaangt huet. Den Ugeklote wär eleng responsabel fir d'Accident, ouni dem Affer säin Doud gewollt ze hunn. Lesioune beim Affer hätten am Spidol zu Problemer mam Daarm gefouert, wouropshin et zu engem Multi-Organversoe komm wär. De Beschëllegte wär zwar bei senger Versioun bliwwen, dass en Defekt um Auto d'Accident verursaacht hätt, de Parquetier gesäit als Grond awer éischter e Feeler vum Ugekloten oder awer e Sekonneschlof.
D'Urteel gëtt den 29. Oktober gesprach.