An der StadMann verhaft no Attack op en Taxichauffer an der Nuecht op en Donneschdeg

RTL Lëtzebuerg
Géint 1 Auer hat de Brigang mat enger presuméierter Waff den Taxichauffer forcéiert, säi Portmonni a säin Handy erauszeginn.

De Mann huet sech iwwer de Boulevard du General Patton a Richtung Stad-Zentrum duerch d'Bascht gemaach.

D'Police huet de Brigang an ee Kompliz an der Avenue Charles de Gaulle mat de geklaute Saachen erëmfonnt a matgeholl. Eng Waff ass net fonnt ginn. D'Enquête leeft.

Um Kierchbierg ass ee Mann um 21 Auer  tëscht dem Boulevard Konrad Andenauer an dem Boulevard du Prince Charles widder e Bam gerannt. De Chauffer hat gedronk.

Back to Top
CIM LOGO