BielesMann schléit Fra, um Enn ginn et dräi Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Zu Bieles hat e Freideg den Owend e Mann eng Fra an engem Bus geschloen. Wéi d'Police op d'Plaz komm ass, ass d'Situatioun ausgeaart.

Well e Freideg den Owend eng Fra an engem Bus a Richtung Bieles vun engem Mann geschloe gi war, hat de Buschauffer d'Police iwwert de Virfall informéiert. De Chauffeur war bis virun ee Policebüro gefuer, wou dunn ee Polizist agegraff huet. Dëse wollt den Täter festhuelen, deen huet sech allerdéngs gewiert a wollt fortgoen. Et koum zu enger oniwwersiichtlecher Situatioun. Um Enn gouf et dräi Blesséierter. De Polizist, de Buschauffer an ee weidere Client, deen agegraff hat.

D'Police huet eng Plainte wéinst Rebellioun geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO