
"De Client geet mat grousser Warscheinlechkeet an Appell!", dat sot e Mëttwoch am Nomëtten um Stater Geriicht den Affekot vun deem Mann, dee kuerz virdrun am Prozess wéinst zwee Morden am November 2016 um Schléiwenhaff a beim Fräiheetsbam zu liewenslänglechem Prisong verurteelt gi war.
Den zweete Mann, deen dowéinst de Prozess gemaach krut, gouf sengersäits zu 15 Joer Prisong, dovu 5 mat Sursis condamnéiert.
Virun eppes méi wéi 3 Joer waren en Drogendealer um Schléiwenhaff an eng Prostituéiert beim Fräiheetsbam dout fonnt ginn. Fir déi zwou Doten hat de Vertrieder vum Parquet a sengem Requisitoire Enn November eemol liewenslänglech an eemol 22 Joer Prisong gefrot. D'Strof fir de Matugekloten ass deemno wesentlech méi niddreg ausgefall wéi gefuerdert.
D'Presidentin vum Geriicht huet de Mëttwoch de Mëtte beim Virdroe vum Urteel betount, dass géint béid Männer de Virsaz net zréckbehale gouf. Nawell koum et fir den Haaptbeschëllegten zu enger liewenslänglecher Prisongsstrof. Virum Hannergrond, dass d'Préméditatioun net zréckbehale gouf, war de Me Rosario Grasso, Affekot vum liewenslänglech Verurteelten awer net vun der Héchststrof iwwerrascht.
De Me Rosario Grasso huet nom Urteelssproch drun erënnert, dass hien op Fräisproch plädéiert hat.
Fir den Affekot vum liewenslänglech Verurteelte geet säi Mandant deemno wuel an Appell, mä et misst een awer ofwaarden.
D'Riichter hunn iwwregens ënnert anerem nach d'Confiscatioun vun där Waff gesprach, mat där béid Affer ëmbruecht gi waren.
2 Männer musse sech wéinst Mord u Prostituéiert an Drogendealer veräntweren