
Den Tribunal administratif huet dem Mann säi Recours nämlech als justifizéiert ugesinn an dowéinst eng Decisioun vum François Bausch vun Dezember 2017 annuléiert. De Mann huet awer keng Indemnité de procédure zegutt, an de Staat muss d'Käschte bezuelen.
Am Oktober 2017 hat de Mann een ageschriwwene Bréif vum Minister kritt. Dora war hien doriwwer informéiert ginn, dass de François Bausch d'Absicht hätt, him fir ee Joer den Accès zum ëffentlechen Transport ze verbidden.
De Mann hätt am August 2016 e Member vum Begleetpersonal vernannt, well d'Toilette fir behënnert Leit an engem Zuch net fonctionnéiert hätt. Am Mäerz 2016 hätt hien aner Cliente vernannt an engem Member vum Begleetpersonal mat Streech gedreet. Am Juni 2017 hätt hien nees e Member vum Begleetpersonal vernannt, well d'Toilette fir behënnert Leit an engem Zuch „hors service“ war, an 2014 an 2015 wäre 4 weider Virfäll a Bussen notéiert ginn. De Mann hat am November 2017 via ageschriwwene Bréif dozou Stellung geholl. Nawell hat de Minister am Dezember 2017 en Transportverbuet gesprach. Am Februar zejoert war de Mann dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Déi 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass eng Motivatioun fir d'Decisioun vum Minister virleie misst. De François Bausch hätt a sengem Decisiounsschreiwes awer just säin Decisiounsprojet confirméiert. Et wär e puermol vu Bedrohungen, Beleidegungen an intolerabelem Verhale Rieds, déi awer net konkret illustréiert gi wären. De Mann hätt deemno d'Positioun vum Minister net kënnen novollzéien. An och d'Decisioun vum Minister vun Dezember 2017 wär net motivéiert, mä sech just der Meenung vun de CFL ugeschloss an d'Transportverbuet mat ënnert anerem Beleidegungen a Bedrohunge justifizéiert ginn. Obwuel de Mann a sengem ageschriwwene Bréif vun November 2017 méi Informatioune gefrot hätt, hätt hien déi net kritt. An den Avis vun de CFL, deen eréischt am Laf vun der Prozedur deposéiert gi wär, géif net méi iwwert d'Faiten opklären, déi zum Transportverbuet gefouert hätten. Wat d'Tëschefäll vun 2014 an 2015 ugeet, wär zum Beispill net notéiert, wien déi entspriechend Constate verfaasst huet, et wäre just verbal Aggressiounen a Beleidegunge vermierkt an et dofir onméiglech, sech déi konkret Ëmstänn virun Aen ze féieren. D'Decisioun vum Minister wär wéinst hirem Manktem u Motivatioun ze annuléieren, ma de Mann sollt keng Indemnité de procédure vun 2.500 € kréien.