ZeienopruffMann iwwerfält Zeitungsbuttek zu Esch a menacéiert Personal mat Aaxt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg koum et kuerz virun 18 Auer um Boulevard Prince Henri zu engem Iwwerfall. D'Police sicht an deem Kader elo no Zeien.

Eng männlech Persoun huet d'Verkeeferin mat enger Aaxt menacéiert a gefuerdert, d'Suen aus der Kees erauszeginn. Nodeems si der Fuerderung nokomm ass, huet sech den Täter duerch d'Bascht gemaach. Hie konnt net méi vun der Police ugetraff ginn. D'Fra gouf net blesséiert.

Gesicht gëtt no engem Mann, dee warscheinlech tëscht 25 an 30 Joer al, 1,70-1,75 Meter grouss ass an donkel Kleedung unhat. Säi Gesiicht war maskéiert.

Méiglech Zeie si gebieden, sech bei der Police um 113 oder per Mail op spj.rgb@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO