PoliceMann huet um Houwald mat Gewier hantéiert a gouf immobiliséiert

RTL Lëtzebuerg
Police-Interventioun e Mëttwoch den Owend an engem Quartier um Houwald. E Mann war mat enger Schosswaff ënnerwee, wouropshin d'Police huet mussen agräifen.
Mann huet um Houwald mat Gewier hantéiert a gouf verhaft
Police-Interventioun e Mëttwoch den Owend an engem Quartier um Houwald. E Mann war hei mat enger Schosswaff ënnerwee a gouf op oppener Strooss verhaft.

Déi selwecht Persoun war schonn eng Stonn virdru gemellt ginn, well en duerch d'Strooss getierkelt ass. Wéi d'Beamten deen Ament op d'Plaz koumen, war e schonn am Gaang, vu Secouriste behandelt ze ginn. Well de Mann fir de Rescht net opfälleg war, gouf en heemgeschéckt.

Eng Stonn méi spéit huet dat Ganzt wéi gesot ganz anescht ausgesinn. De Mann gouf op Uerder vum Parquet an e Spidol bruecht an et gouf eng Perquisitioun vu senger Wunneng ordonéiert. Bei där eng Rei Schosswaffen, e Messer a Munitioun beschlagnaamt gouf.

Back to Top
CIM LOGO