
D'Beamten hunn de Won gestoppt an hu beim Chauffer en Alkoholtest gemaach, deen dann och positiv war. De Permis war dann och op der Plaz fort.
De Chauffer ass doropshin ëmmer méi rose ginn, huet d'Beamte beleidegt an et koum och zu enger liichter Ausenanersetzung. Dowéinst koum hien dann och an d'Ausniichterungszell.