Optakt vum ProzessMann hat 5.200 Fotoe vu kannerpornografeschem Material

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem Verbreeden an dem Besëtz vu kannerpornografeschem Material krut e Méindeg de Moien e Mann vu 45 Joer um Stater Geriicht de Prozess gemaach.

Op engem Computer, engem Laptop an zwee USB-Sticke vum Beschëllegte waren am Ganzen eppes iwwer 5.200 sou Fotoe fonnt ginn. Den Ugekloten huet d'Faiten haut contestéiert, woumat hien, Eric Ewald, keng gutt Kaarte beim President vum Geriicht hat:

Geriicht: Kannerpornografie / Reportage Eric Ewald

„Wéi sinn déi schlëmmst Biller op Äre Computer komm?“ - „Ech weess et net!“ - „Sidd Dir Sammler vu sou Biller!?“ - „Neen!“ - „Et ass net normal, sou Biller ze besëtzen!“: Sou goung de Ball verbal hin an hier tëscht dem Riichter an dem Beschëllegten. Um Ufank vun der Sëtzung sot e Beamte vun der Police judiciaire, d'Affär hätt domat ugefaangen, dass am Mäerz 2017 vun enger Lëtzebuerger IP-Adress op e kannerpornografescht Bild zougegraff gouf. Bei enger Perquisitioun beim Mann, deem dee Computer gehéiert huet, doheem hat dee keng Erklärung heifir. Hien hätt keen Intressi u Kannerpornografie, héchstens eng iertemlech Manipulatioun gemaach, an et wär ausgeschloss, dass nach aner sou Saachen um Computer géife fonnt ginn. Dat war awer de Fall, mat ënner anerem Biller mat Kanner vu manner wéi 5 Joer drop an och Mëssbrauchsfotoe vu Puppelcher. De Mann huet dat mat engem Computervirus erkläere wëllen, dee sou Biller eropluede géif. Dem Polizist ass allerdéngs kee sou e Virus bekannt. Och bei enger zweeter Auditioun hätt de Mann keng Asiicht gewisen a wär bei senger Versioun bliwwen.

Hien hätt dat gemaach, well et d'Wourecht ass, huet dem Mann säin Affekot gemengt. Dem Me Brian Hellinckx no hätt de Client och bal all d'Fotoe geläscht, soudass der just 39 iwwreg bloufen. Hie kéint héchstens dofir veruerteelt ginn a sollt dowéinst net an de Prisong. Dat huet d'Vertriederin vum Parquet ganz anescht gesinn. Déi iwwer 5.200 Fotoe wären awer op deenen eenzele Supporte gewiescht, a wéinst den zum Deel extrem schlëmme Biller misst eng Prisongsstrof vun zwee Joer mat Sursis probatoire gesprach ginn. D''Oplo bestéing an enger psychiatrescher Behandlung. Dobäi sollten eng ugemoosse Geldstrof kommen, e Verbuet vun Aktivitéite mat Mannerjäregen an d'Confiscatioun vun deenen eenzelen Supporten.

D'Uerteel ass fir de 24. Oktober.

Back to Top
CIM LOGO