SchëfflengMann festgeholl wéinst illegalem Waffebesëtz a rietsextreemen Propagandamaterial

RTL Lëtzebuerg
D'Police krut um Dënschdeg am Nomëtteg ee Mann gemellt, deen an der Avenue de la Libération zu Schëffleng an enger Wiertschaft randaléiert huet.

Op der Plaz hunn d'Beamten och eng Schreckschosspistoul saiséiert.

De Parquet huet du bei enger Perquisitioun beim Mann doheem eng ganz Rei illegal Waffen an Drogen (grouss Quantitéite vun Ecstasy-Pëllen) a rietsextreemt Propagandamaterial saiséiert.

De Mann koum um Mëttwoch bei den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO