Schwéieren AarbechtsaccidentMann fält 15 Meter an d'Déift a gëtt uerg verwonnt

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 8 Auer koum et e Méindeg de Moien op engem Chantier an der Rue de Neudorf zu engem schroen Aarbechtsaccident.
© CGDIS

Eng Persoun ass zesumme mat enger Plattform aus bis ewell nach ongekläerte Grënn 15 Meter an d'Déift gefall. De Mann gouf dobäi schwéier blesséiert a gouf nach op der Plaz vum Samu behandelt, éier en an d'Spidol transportéiert gouf.

De Parquet an d'ITM goufen informéiert. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.

© Domingos Oliveira

Back to Top
CIM LOGO