
E Méindeg de Mëtteg géint 14.20 Auer gouf der Police gemellt, dass eng Fra zu Stengefort an der route de Luxembourg mat engem Messer attackéiert gouf, dat op oppener Strooss. D'Police huet spéider och direkt misse feststellen, dass d'Affer däitlech Blessuren dovugedroen huet. Den Täter hat sech zu deem Moment schonn zu Fouss aus dem Stëbs gemaach. Beim Affer waren dann och schonn eng Rei Passanten, déi beim blesséierten Affer waren, wéi d'Beamten ukoumen. Rettungsdéngschter, sou wéi e Noutdokter, ware scho verstännegt.
Wéinst den Zeienaussoe konnt de presuméierten Täter ouni gréisser Problemer an der Rue des Martyrs festgeholl ginn. Et huet sech erausgestallt, dass et sech bei der Persoun ëm den Ex-Mann vum Affer gehandelt huet. Hien hätt d'Fra op der Strooss suivéiert a si op eemol ugegraff an op de Buedem gestouss. Dono goufen der Fra uerg Verletzunge mam Messer gemaach. Déi presuméiert Waff vun der Dot gouf an der Wunneng vum Mann séchergestallt.
Nodeems d'Affer an engem Spidol versuergt gouf, koum si dono direkt mam Helikopter an d'Spidol an d'Stad.
De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum op Schraasseg an de Prisong. En Dënschdeg de Moien hat hie säi Rendezvous virum Untersuchungsriichter.
E Mëttwoch dann huet d'Police am Kader vun dësem Tëschefall en Zeienopruff lancéiert. Gesicht gëtt ee Mann, dee mat sengem Auto stoe bliwwen ass, fir dem Affer zur Hëllef ze kommen. Dee Mann, wéi och all déi aner Leit, déi eppes gesinn hunn, solle sech bei der Police um 24460-2121 oder via Mail op spj.IP@police.etat.lu mellen.