
D'Charge de travail fir d'Mataarbechter war grouss. D'Prozedure waren en place, mee goufen net ëmmer homogen applizéiert. Donieft huet et u Kontrolle gefeelt. Den Accès zu de Bureauen an den Dossiere war ze large. Dat huet den Audit vun der Direction de l’immigration erginn, deen e Mëttwoch de Mëtten an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert gëtt. Deen Audit hat den Inneminister Léon Gloden an Optrag ginn, nodeems de Parquet am Summer matgedeelt hat, datt eng gréisser Enquête amgaange wier, wéinst ënnert anerem frauduléiser Immigratioun a Korruptioun, am Zesummenhang mat Openthaltsgeneemegunge fir Main d'oeuvre vu baussent der EU.
De Léon Gloden huet ugekënnegt, datt kuerzfristeg personell opgerëscht gëtt, d'Digitaliséierung vun den Dossiere soll séier viru gedriwwe ginn, fir d'Kontrollen an d'Traçabilitéit ze verbesseren. Doriwwer eraus huet sech d'Immigratioun dem Léon Gloden no ewell Moyene ginn, fir besser ze kontrolléieren, ob déi gefrote Sproochenzertifikaten authentesch sinn. De Minister huet awer och nach emol ënnerstrach, datt d'Immigratioun fir d'Openthaltsgeneemegungen auszestellen, vun enger Rei aneren Acteuren an Administratiounen ofhänkt, déi Zertifikaen ausstellen oder Dokumenter préiwen an datt Frauden op villen Niveaue geschitt sinn. Eng honnertprozenteg Sécherheet kéint et allerdéngs ni ginn, esou de Minister, wann ee wéilt Fraudë maachen.
D’LSAP-Deputéiert Liz Braz war vun de Constaten net iwwerrrascht:
“Notamment um Niveau vum Personal, ass et keng Iwwerraschung, dass muss nogestock ginn. Dat ass och eppes, wat mir schonn als LSAP méi laang gefuerdert hunn. An ech denken, wann do bis um Niveau vun de Ressourcen e bëssen opgestockt ginn ass, da kann een och déi aner Schwächten automatesch besser ugoen. An natierlech de Volet vun der Digitaliséierung, deen, wou d'Immigratiounsdirektioun relativ grousse Retard huet, do ass vill Ophuelbedarf. An ech hunn awer elo eraushéieren, dass de Minister gewollt ass, dee séier opzehuelen.”
Och den ADR-Deputéierten Tom Weidig sot, hien wier net verwonnert. Op der Immigratioun wier d’Digitaliséierung “verschlof” ginn an d’administrativ Prozeduren net implementéiert. Hien huet och e Schëllegen ausgemaach:
“An zemools, well och de Minister jo selwer ëmmer esou Dossiere séier traitéiert huet, deen et ëmmer un d'Prozedure gehalen huet. Also ech mengen, de fréieren, den Här Asselborn, duerfir wonnert mech dat iwwerhaapt net. Ech hunn och den Här Minister gefrot. Ech mengen, wann déi systematesch Problemer an engem Departement vum Ministerium ass, dass e se selbstverständlech och an all deenen aneren Departementer. Well dat heescht, am Asyl an an all deenen Departementer och. Dat heescht, si missten, wann en elo konsequent wär mam Audit, da géif en Audit ausbauen an och déi aner Departementer a sengem Ministerium och op de Leescht huelen an da fënnt en do, menger Meenung no genau déi selwecht Problemer oder souguer méi.”
Op eng änlech Ausso wärend der Reunioun hat de Léon Gloden dem Tom Weidig vehement widdersprach. Hie géif sech géint d’Duerstellung wieren, datt jiddereen an der Direktioun korrupt wär.
Den Deputéierte vun de Piraten, Marc Goergen, huet no der Reunioun festgestallt:
“Datt am Informatesche villes immens versäumt ginn ass, virun allem bei de Log Files, fir ze kucken, wien, wat, wéini gekuckt huet. An et ass déi och just dräi Joer gekuckt ginn. An ech sinn awer trotzdeem schockéiert, wéi ech déi Fro opgeworf hunn, wéi iwwerhaapt dat Ganzt konnt geschéien, dass ee wou korrupt ass, deen Dossier krut, krut ech als Äntwert, dass en einfach moies als éischte bei der Post war. Dat heescht, alleguerten den informatesch Systemer an alleguerten déi Hürden, wou een opgebaut huet, hu guer näischt bruecht, well einfach e Riseproblem do war, dass deen éischte moies den Dossier krut an en huet natierlech deen Dossier geholl, wou e wousst, dass een aneren do ass, dee bezilt.”
Effektiv hat den Direkter vun der Immigratioun, den Jean-Paul Reiter an der Kommissioun erkläert, datt ee sech e wéineg iwwert d’Verhale vun deenen zwee Mataarbechter gewonnert hätt, mee gemengt hätt, si géifen extra vill schaffen, well se Moies drop gelauert hunn, datt de Courrier mat den Demanden komm ass.
D’Josée Lorsché, Deputéiert vun déi Gréng, begréisst, datt den Audit gemaach gouf, deen op der Immigratioun eng ganz Rei Schwaachstellen identifizéiert hätt.
"Wat ech awer och als Conclusioun zéien, ass déi, dass d'Zesummenaarbecht tëschent de Ministèren nach muss verbessert ginn. Ech géif mer erwaarden, dass och déi aner Ministèren oder Verwaltungen. sech engem Audit ënnerzéien an dass da gekuckt gëtt, inwiefern dass keng Schlupflächer méi kënnen entstoen an der Zesummenaarbecht tëschent de Verwaltungen, well et geet jo elo net hei just ëm déi Direktioun hei, mee et geet och ëm d'ADEM, et geet ëm de Ministère de l'Éducation nationale, dee vläicht elo manner a Beschoss geroden ass, mee et muss een awer och wëssen, dass dat ganze System ass, an deen däerf net esou bestoe bleiwen.”
D’Presidentin vun der Kommissioun fir d’Affaires intérieures, d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert, gesäit de Moment awer kee Besoin, fir sech mat anere Kommissiounen en Charge vun anere Verwaltungen zesummen ze doen, fir déi ganz Chaîne vum Prozess, fir d’Openthaltsgeneemegung zesummen duerch ze goen. Dat obschonns de Léon Gloden wëll mat de Ministerkolleegen d’Käpp zesummestrecken.
“Ech denken, dass effektiv all Verwaltung huet do säi Volet dran, wou e muss dra schaffen a wou e muss kucken, dass dat klappt. D'Immigratioun ass e Bout de la chaîne eigentlech, wou se sech da misst drop verloosse kënnen, dass dat wat vun enger anerer Verwaltung kënnt, och passt. Ech hu selwer do elo schonn zwou Questions parlementaires un de Minister Meisch gestallt, well jo ee Volet, och deen aus dem Educatiounsministère ass, wou et ëm d'Homologatioun vun den Diplomer vun den Travailleurs salariés geet.”
Si wëll ofwaarden, wat de Claude Meisch hier Äntwërt, ier se driwwer nodenkt, eng Commission jointe mat der Educatioun z’organiséieren. De Léon Gloden sot RTL iwwerdeems no der Reunioun, datt sech d’Regierung am Dossier Partie civile consitutéiert huet an domat elo mol Abléck an d’Enquête vun der Justiz kritt.