Den israelesche Premier Benjamin Netanyahu wëll dat besate Jordandall annektéieren. Schonn am Laf vun der nächster Woch kéinten éischt Schrëtter ageleet ginn. D'Annexiounspläng sinn en Deel vum sougenannte Friddensplang fir den Noen Oste vum US-amerikanesche President Donald Trump.
Déi lescht Deeg gouf et an de Palestinenser-Gebidder gréisser Maniffen, fir géint dës Pläng virzegoen. An e Samschdeg de Mëtteg war och op der Place Clairefontaine eng Maniff, zu där d'Vereenegung "Comité pour une Paix Juste au Proche Orient" opgeruff hat.
Iwwer 1.000 Deputéiert aus europäesche Staaten, dorënner och 10 Lëtzebuerger, hu sech géint dës Pläng ausgedréckt an och den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet Israel opgefuerdert, d'Annexioun falen ze loossen.
