De Wikileaks-Grënner sëtzt zanter 2 Joer zu London am Prisong. Nach ass net kloer, ob hien un d'USA ausgeliwwert gi soll. Säi Gesondheetszoustand wier kriddeleg, et ass souguer vu psychologescher Folter rieds. Virun der brittescher Ambassade hunn e Samschdeg de Mëtteg eng Rei Manifestanten op de Fall opmierksam gemaach.
D'Friddensplattform kritiséiert, dass de Julian Assange ënner mënschefeindleche Konditiounen zu London inhaftéiert wier. De Prisong Belmarsh ass fir seng rau Konditioune bekannt a gëtt och als brittesch Versioun vu Guantanamo Bay bezeechent. De Wikileaks-Grënner hätt extrem ofgeholl a wier psychesch gebrach, ma et géing kaum driwwer geschwat ginn.
Beim Fall Assange ass jiddereen zimmlech verleeën an hält sech bedeckt. Dat ass eng grouss Heuchlerei an Doppelmoral. Dat ass ganz schlëmm a seet vill aus iwwert de Westen. Wou sinn déi Wäerter, déi de Westen ëmmer proklaméiert? Déi ginn an den Dreck gezunn, fënnt den Armand Clesse, Direkter vum Luxembourg Institute for European and International Studies.
D'Friddensplattform fuerdert dofir d'Fräiloossung vum Assange, dee vill vu sengen Unhänger als investigative Journalist gesinn. Et géing dowéinst och ëm d'Pressefräiheet goen.
Et geet mir an dësem Prozess manner ëm d'Persoun vum Assange selwer, mä ëm d'Implikatiounen, déi et op déi ganz Branche vum Journalismus, op d'Demokratie an op d'Informatiounsfräiheet huet, sou den Alex Rigo, Porte Parole vun der Friddensplattform.
D'USA wëllen de Wikileaks-Mann wéinst Spionage ukloen, well hien zesumme mam Ex-Zaldot Chelsea Manning geheimt Material iwwer de Militärasaz am Irak an am Afghanistan geklaut hätt. Hei schéissen US-Zaldoten aus engem Helikopter op net-arméiert Zivilisten. Den Assange riskéiert an den USA bis zu 175 Joer Prisong. Ob hien ausgeliwwert gëtt, mussen d'Royal Courts of Justice nach decidéieren.