Viru GeriichtMamm kritt virgehäit, Kanner mat Méckebaatsch, Aascht an Hand geschloen ze hunn

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie goufen 12 Méint Prisong mat Sursis an eng ugemoosse Geldstrof gefrot.
© pixabay

Viru Geriicht: Huet d'Mamm hir Kanner geschloen?

D'Fra soll hir Kanner mat der flaacher Hand, mat dem Aascht vun engem Bam a mat enger Méckebaatsch geschloen an d'Meedchen an de Bouf mat den Hoer gezunn hunn.

Zu de Faite soll et tëscht 2017 a Mäerz 2019 zu Schëffleng komm sinn. Am Geriichtssall huet et geschéngt, wéi wann zwou Erzéiungswelten openee getraff wieren.

D'Mamm war der Meenung, si hätt mam Aascht a mat der Méckebaatsch just gedreet. De Papp seet, d'Kanner wiere frou gewiescht, bis de System intervenéiert hätt. Der Fra hir Affekotin huet vun „Gestes de correction am Kontext vun der Éducatioun" geschwat, wärend de President vum Geriicht an d'Vertriederin vum Parquet net mat der Aart a Weis vun der Mamm d'accord waren.

Dem Riichter no wär net nëmme mam Aascht a mat der Méckebaatsch gedreet ginn. Dem Geriicht géif et ëm de Fait goen. D'Mamm hirersäits huet awer gewierkt, wéi wa si et net richteg verstoe géing. En Donneschdeg huet si awer zouginn, een oder zwee Mol mat der Hand oder engem Aascht agegraff ze hunn, wéi et zu engem Konflikt tëscht de Kanner koum.

De Papp hat um Ufank betount, dass hien net menge géing, dass seng Fra d'Kanner geschloen hätt. Wann et mol haart am Haus gëtt, kéint si intervenéieren a léif op d'Bee "schloen". Hie géing awer net mengen, dass seng Kanner léie géingen, an awer géing hien dat, wat d'Fra gemaach huet, net Schléi nennen, mä just eng "Menace".

Fir d'Me Danira Mustafic, Affekotin vun der Mamm, wiere béid gutt Elteren an dës Affär enger strofrechtlecher Poursuite net wierdeg. Et wier just zu Violences légères komm, et sollt sech net op d'Aussoe vun de Kanner baséiert ginn an d'Fra fräigesprach ginn.

Um Ufank vun der Sëtzung hat eng Educatrice ausgesot, déi mam Bouf schafft. Deen hätt am Mäerz vill Angscht gehat a gesot, wann hie Feeler maache géif, hien der doheem kréie géing. Si hätt keng entspriechend Spuere gesinn, de Fall awer gemellt. D'Vertriederin vum Parquet huet betount, d'Kanner hätten ausgesot, dass et ëmmer erëm zu Schléi koum. D'Mamm hätt där och zouginn... sou eemol de Mount. D'Kanner hätte psychesch Schied dovu gedroen a virun allem de Bouf huet Angscht virun der Mamm. Mam Papp wiere si méi frou.

D'Urteel ass fir den 30. Januar.

Back to Top
CIM LOGO