Enorm Hausse vum TeletravailMajoritéit vun de Leit schwätze vun enger positiver Erfarung

Claudia Kollwelter
De Statec huet éischt Chiffere publizéiert vun enger Ëmfro iwwert d'sozioekonomesch Bedéngunge vum Confinement.

69% vun de schaffende Leit hei zu Lëtzebuerg sinn duerch d'Corona-Kris op den Teletravail ëmgeklommen. 2019 waren et just 20%. Vun deene ronn 70% hunn 48% komplett vun doheem aus geschafft, wärend 21% tëscht dem Büro an doheem ofgewiesselt hunn. Nëmmen 31% vun de befrote Leit si weider op hir Aarbechtsplaz gaangen, fir ze schaffen. Virun allem am Enseignement (74%), bei de Finanzservicer (61%) an an den ëffentleche Verwaltungen (47%) ass immens vill op den Homeoffice zeréckgegraff ginn. Bei den Independanten a Freelancë louch den Taux bei 66%.

Tëscht deene Leit, déi an engem Haus, an deenen déi an engem Appartement wunnen, goufen et der Etüd no keng Ënnerscheeder a Punkto Teletravail.

D'Leit, déi op hir Kanner hu missen oppassen, hunn allerdéngs méi Gebrauch vum Homeoffice gemaach, mat 52%, par Rapport zu deenen, déi keng Garde vu Kanner haten (45%).

Virun allem bei de Leit iwwer 55 Joer ass verstäerkt vun doheem aus geschafft ginn, wat dem Statec no awer doru leie kéint, datt d'Vulnerabilitéit mam Alter klëmmt.

Fir 3 vu 4 Leit, déi de Moment am Homeoffice schaffen, ass dëst d'Resultat vun der aktueller Kris. Nëmmen eng vu 4 Persounen hat scho virum Ausbroch vum Coronavirus Erfarungen am Teletravail.

De Gros vun de Leit huet et positiv fonnt, vun doheem aus ze schaffen. 30% soe sech neutral dozou, a just fir 15% war et eng negativ Experienz.

Am Enseignement war den negativen Taux mat 29% am héchsten, sou de Statec.

D'Ëmfro gouf tëscht dem 29. Abrëll an dem 8. Mee gemaach. 2.000 Persoune goufe via Panel vun TNS ILRES oder per Telefon befrot.

PDF: Statec Télétravail

Back to Top
CIM LOGO