
Se ware scho méi ewéi eemol en Thema am Stater Gemengerot, d’Steng aus China, déi an der Uewerstad erof a Richtung Fëschmaart den normale Buedembelag sollen ersetzen. Wat op de Knuedler kënnt, wier nach net decidéiert, seet d’Stater Buergermeeschtesch. Um Knuedler seet ee sech dann och erstaunt an iwwerrascht, dass op engem Chantier vun der Stad, um Cents, en Entrepreneur Holz aus Brasilien benotzt fir de Coffrage.
Kanneraarbecht wier net am Spill, huet de gréngen 1. Schäffen 2011 der Oppositioun geäntwert. Wat awer bleift, sinn déi schlecht Aarbechtskonditiounen a China an dee lamentabelen Ökobilan, deen enger Klimaschutzgemeng net gutt zu Gesiicht steet. Haut stellt déi selwecht Fro sech am Kontext vum Knuedler, deen nei gemaach gëtt. An dass ee sech als Bauhär bei esou Projeten net eleng op dat neit Ausschreiwungsgesetz ka verloossen, weist d’Beispill vun der neier Crèche um Cents.
Et geet ëm dës hëlze Panneauen, de sougenannte Coffrage vun engem Chantier, op der Haaptstrooss um Cents. D’Stad baut hei eng Crèche. Um agepaakte Material dat Palissad soll ginn, steet Brasilien drop. Tropenholz also, op Stater Terrain. Do kënnt, trotz FSC-Nohaltegkeetslabel, méi wéi een nieft den Otem.
Wärend déi Stater Gréng et peinlech fannen, dass eng Klimaschutzgemeng esou e Material acceptéiert, seet d’Buergermeeschtesch, et hätt een näischt vun dëser Commande gewosst. Dat steet och an der Äntwert vum Lydie Polfer un e Stater, deem dat Holz aus Brasilien hei opgefall war.

D’Oppositioun wäert op d’Barrikade klammen, am Fall wou d’Steng fir op d’Place Guillaume iergend e schlechten Image hunn.
D’Linda Gaasch, Conseillère vun déi Gréng, baut op dat neit Ausschreiwungsgesetz, dat beim Respektéiere vun den Ëmwelt- a Sozialkrittäre géing hëllefen. An awer misst ee wëssen, dass den "FSC-Label" dacks mëssbraucht géing ginn.
Fakt ass awer, dass Steng aus China fir an d’Flechiergaass bestallt gi waren. Déi leien nach ëmmer net an d’Butteker wäerten elo deen 2. Wanter schonn ouni "Pavé made in China" missen auskommen.