Wonsch vun Escher GemengLycée transfrontalier soll an d'Minett-Metropol kommen

Christophe Hochard
Bei enger Visitt vun ë.a. dem Escher Spidol hat de Premier Xavier Bettel rezent annoncéiert, datt e Lycée transfrontalier mat Frankräich soll gebaut ginn.
Lycée transfrontalier fir Gesondheets- a Fleegeberuffer
Geet et de Responsabele vun der Escher Gemeng no, kënnt dës Schoul an d'Minett-Metropol.

Geet et de Responsabele vun der Escher Gemeng no, kënnt dës Schoul fir Gesondheets- a Fleegeberuffer an d'Minett-Metropol. E Freideg hunn d'Membere vum Escher Gemengerot op alle Fall eng deementspriechend Motioun ugeholl.

E Site gouf och scho fonnt. An zwar déi aktuell Frichë vun der Arbed Esch/Schëffleng. Op dësem 60 Hektar groussen Areal entsteet bis 2040 e fuschneie Quartier.

Fir Esch géif och nach d'Proximitéit zu Frankräich schwätzen. De Gros vum auslännesche Gesondheetspersonal kënnt aus dem Hexagon. Fir d'Associatioun vun den Infirmiere wär et awer och wichteg eng Héichschoulformatioun fir d'Personal aus dem Gesondheetssecteur zu Lëtzebuerg unzebidden.

Wéi wichteg d'Beruffer aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur sinn, hunn eleng déi leschte Wochen ënnerstrach. Eng 70 Prozent vum Personal kënnt aus dem Ausland op Lëtzebuerg schaffen. Et wär wichteg, wann och méi Lëtzebuerger Schüler a Schülerinnen un dësem Beruff Gefale fanne géingen.

2018 hunn 28 Schüler an der Infirmièresschoul hiren Diplom kritt. Am Ufank vun dësem Joerhonnert waren et der nach iwwer 140.

Zu Käerjeng, Ettelbréck an an der Stad gëtt et all Kéiers eng Infirmièresschoul. U Gebaier feelt et also sou direkt net.

Back to Top
CIM LOGO