Zu KopenhagenLuxair-Vol huet wéinst technesche Problemer missen tëschelanden

RTL Lëtzebuerg
Et gouf e Mëttwoch den Owend eng Sécherheetslandung vun engem Luxair-Fliger, deen u sech ënnerwee war fir vu Stockholm op de Findel ze fléien.
© Val Wagner

Wéinst engem techneschen Problem kuerz nom Start a Schweden huet de Pilot d'Decisioun geholl, zu Kopenhagen ze landen.

Déi 29 Passagéier, déi u Bord waren, goufen an Dänemark betreit. En zweete Fliger gouf op Kopenhagen geschéckt, fir d'Leit ze rapatriéieren.

PDF: Communiqué Luxair (23.09.2020)

Back to Top
CIM LOGO