Budgetsdebatten an der ChamberLuef a Kritik fir de Budgetsprojet vun der Regierung

Roy Grotz
Pit Everling
E Mëttwoch de Moie war den Optakt vum Budgets-Marathon an der Chamber am Cercle.
Luef a Kritik fir de Budgetsprojet vun der Regierung
E Mëttwoch de Moie war den Optakt vum Budgets-Marathon an der Chamber am Cercle.

Éier et un de mandatéierte Spriecher vun de Fraktioune war, huet de Finanzminister weider Explikatiounen zum Budget ginn, wou et d'Remark war, datt een trotz héijer Staatsschold net misst beonrouegt fir d'Staatsfinanze sinn. Déi Staatsschold dierft sech d'nächst Joer op ronn 19 Milliarden Euro chiffréieren, wat bal 30% vum PIB ausmécht.

De Finanzminister Pierre Gramegna huet bei sengem Exposé virun der Chamber betount, dass eng ganz Rëtsch Amendementer, punktuell Ännerungen also, an d'Budgetsgesetz musse geschriwwe ginn, dat hien am Oktober deposéiert hat.

Deemools war nach net gewosst, dass op en Neits fundamental sanitär Restriktioune geholl musse ginn, déi d'wirtschaftlech Aktivitéit bremse géifen. Op der anerer Säit war virun zwee Méint och nach net gewosst, dass de Vaccin séier disponibel wär. Dat wär positiv, seet de Pierre Gramegna. Et ass also eng Period, an där et schwéier wär, Previsiounen ze maachen. Déi séier wirtschaftlech Relance op déi ee gehofft hat, kënnt net, bedauert de Finanzminister. No engem gudden drëtten, fält dat véiert Quartal schlecht aus. De Brexit mécht Kappzerbrieches: schlecht fir Groussbritannien a schlecht fir d'EU, deemno och fir Lëtzebuerg, seet de Minister, woubäi déi meescht Acteure sech awer gutt virbereet hätten.

De Pierre Gramegna huet awer och positiv Entwécklungen ervirgestrach: De Statec huet nei evaluéiert a schwätzt elo fir 2020 vun enger Baisse vu -3,5 amplaz -6 Prozent.

Wéinst den zousätzleche covid-bedéngten Ausgabe geet den Defizit beim Zentralstaat fir d'nächst Joer ëm ronn 191 Milliounen Euro an d'Luucht a chiffréiert sech bei engem Minus vun 2,7 Milliarden. Keng gutt Entwécklung gëtt de Finanzminister zou, mä vun eidele Staatskeese kéint een net schwätzen.

De Pierre Gramegna

Déi 10 wichtegst Amendementer am Text vum Budgetsgesetz goufen e Mëttwoch presentéiert. Zum Beispill d'Verlängerung vum Fonds de Relance mat zousätzlechen 30 Milliounen Euro fir den Ufank vum nächste Joer. Am Ganze sinn dat 180 Milliounen Euro, fir déi fix Käschte vu Betriber ze decken. De Chômage Partiel gëtt verlängert. Artisten an Independantë kréie weider gehollef. De Mindestloun gëtt ëm 2,8 Prozent gehéicht, vulnerabel Betriber gi kompenséiert. Eng Mesure, déi eng Depense vun 20 Milliounen Euro bedeit.

D'Prise en charge vun de Käschten, déi ënnert anerem duerch den "congé pour raisons familiales" fir d'CNS entstinn, belafe sech op bal 390 Milliounen Euro, déi de Staat iwwer 4 Joer verdeelt wäert verbuchen.

Fir d'Spideeler an der Pandemie méi effikass fonctionéieren ze loossen, gëtt och de CGDIS verstäerkt, wat mat iwwer enger hallwer Millioun Euro 2021 zu Buch schléit.

Et wäert ee wuel nach eng Zäit mat de Repercussioune vun der Kris ze kämpfen hunn, mee ënnert anerem och de Vaccin géif engem d'Hoffnung ginn, datt d'Kris geschwë gepackt wier - dëse Vaccin, dee jo gratis verdeelt gëtt, kascht d'Regierung ronn 16,5 Milliounen.

No den Explikatioune vum Pierre Gramegna ass et elo un de Fraktiounscheffen, fir Positioun zum Staatsbudget ze huelen.

Manner gutt gesäit et zum Beispill fir de Chômagetaux aus, deen dëst Joer op 6,6% geklommen ass, an d'nächst Joer nach emol wäert e Sprong op 7,1% maachen.

PDF: D'Presentatioun vum Budget

Back to Top
CIM LOGO