Sozialisten zéie BilanLSAP hält u Corona-Steier fest

Pierre Jans
D'LSAP huet e Freideg de Bilan vum parlamentaresche Joer gezunn.
LSAP hält u Corona-Steier fest
D'LSAP huet e Freideg de Bilan vum parlamentaresche Joer gezunn.

D'Sozialiste wëlle sech bei der sougenannter Corona-Steier drunhalen. Déi Entreprisen, déi wärend der Pandemie grousse Benefice gemaach hunn, wärend anerer gelidden hunn, missten hëllefen, den Defizit beim Staat auszegläichen.

Sozialisten zéie Bilan / Reportage Pierre Jans

E Joer dat vu Corona dominéiert gouf an d'Allgemengheet vill kascht huet. Zejoert an dëst Joer mécht de Staat e Verloscht vu 5,4 Milliarden Euro.

De Fraktiounschef vun der LSAP Georges Engel: "Ee muss déi och bezuelen. Wann et net iwwer eng Corona-Steier geet, sollen dann déi Leit dofir bezuelen, déi elo schonn am mannsten hunn? Mir sinn der Meenung, dass dat net esou soll sinn. D'Sue soll een do huelen, wou wärend der Kris och vill verdéngt gouf."

E konkret Konzept, wéi vill a wien dës Steier misst bezuelen, huet d'LSAP nach net. De Wonsch fir méi Gerechtegkeet beweegt d'Sozialisten dann och dozou, weider eng Verméigenssteier ze fuerderen. De Georges Engel betount, domat sollen net déi Leit, déi geschafft a gespuert hunn, bestrooft ginn. Verméigen ënnert 2 Milliounen Euro wäre vun där Steier ausgeschloss. An der Theorie, well an der Regierungskoalitioun gëtt et keng Eenegkeet op deem Punkt.

De Georges Engel: "Et gesäit ee gutt, dass an der Regierung dräi verschidde Parteie sinn, déi net Speck a Schwéngefleesch sinn. Si sinn eng Zweckgemeinschaft, déi sech op e Koalitiounsprogramm gëeenegt hunn. Ma wa se eleng kéinte regéieren, ganz ënnerschiddlech Decisioune géifen huelen."

Ma och beim Logementsproblem géif d'LSAP aner Weeër goen. Op Wien zum Beispill: do huet d'ëffentlech Hand massiv Wunnenge kaaft respektiv gebaut. Anescht géif et net goen, seet den LSAP-Fraktiounspresident: "Et ass eng Frechheet, esou ze maachen, wéi wann dat alles géif eleng goen, wa mir de Maart gewäerde loossen. De Maart reegelt de Problem net."

Ob an der Chamber oder an der Regierung: d'LSAP hätt dat lescht Joer gewise fir wat d'Partei steet – an zwar Gerechtegkeet - esou de Georges Engel. Et geet der LSAP och drëms, ze betounen, wéi enk een zesummenhale géif.

"Anescht ewéi bei anere Parteien: tëscht de Parteipresident an de Fraktiounschef do geet keen Zigarettebliedchen."

Dofir ass d'Fraktioun och houfreg op d'Aarbecht vun de Sozialisten an der Regierung, do virop op d'Krisegestioun vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Back to Top
CIM LOGO