Käschte lafe weiderLoyeren erdrécken d’Betriber

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch presentéiert d’Regierung e weidere Mesurëpak, fir der Lëtzebuerger Ekonomie an der sanitärer Kris iwwert de Bierg ze hëllefen.
Loyeren erdrécken d’Betriber
E Mëttwoch presentéiert d’Regierung e weidere Mesurëpak, fir der Lëtzebuerger Ekonomie an der sanitärer Kris iwwert de Bierg ze hëllefen.

Dat ass och néideg, well trotz de schonn annoncéierten Aiden, hunn awer eng Rei Betriber d'Waasser bis zum Hals stoen. Besonnesch déi héich Loyeren an der Stad an Ëmgéigend sinn e grousse Problem.

Den Alfonsino Nigro weess senger Hänn kee Rot méi. Zanter zwee Méint huet hie keen Akommes méi. Ma eleng d'Loyere vu sengen zwee Lokaler belafe sech op iwwer 22.000€ de Mount. D'Brauerei, bei där hie lount, wëll him net entgéint kommen. D'Bailen huet de Mann och als Privatpersoun missen ënnerschreiwen.

Alfonsino Nigro, zanter 40 Joer an der Restauratioun: "Da kucken déi 1, 2, 3 Méint no an da steet d'Firma um Geriicht. D'Firma kann eben net méi bezuele, well se keng Fonge méi huet. An da sti se bei mir virun der Dier. Da steet meng Famill op der Strooss."

De Loyer vum Abrëll huet de Proprietär vum Gebai der Brauerei erlooss, datt dës se net géif un de Locataire weider verrechnen. Elo stinn d'Méint Mee a Juni op. Knapp 45.000€. D'Brauerei, eng Multinationale, hätt schonn ugeruff, fir en drun z'erënneren.

Ben Schieres, Gerant an Event-Manager: "Wou se mer gëschter ugeruff hunn, war schonn de Montant vum Juni mat dra gerechent, obwuel mer mol nach net Juni sinn. A mol net wëssen, wéini mer opmaachen däerfen, ob mer opmaachen däerfen, wat däerfe mer schaffe vun der Capacitéit, déi mer hunn? Mir wëssen et net..."

Fir déi 10.000€ Hëllefe vum Staat wär een dankbar, ma déi wäre just duergaangen, fir déi lafend Käschte vun den zwee Lokaler ze bezuelen. D'Ufro fir eng Subventioun vum Loyer krut d'Firma net accordéiert.

Ben Schieres:"Fir datt een déi kritt, muss de Bilan positiv do stoen. Respektiv d'Perte dierf net ze vill grouss sinn. Mir hu lo hei an de leschte Joren immens vill hei investéiert, villes frësch gemaach, an automatesch doduerch natierlech d'Bilanen an d'Negatiivt gezu goufen. Sou datt mir elo net eligibel sinn, hiren Aussoen no, fir déi Hëllefen ze kréien."

De Betrib mat senge 7 Mataarbechter steet mam Réck widder der Mauer. An et geet villen aneren net besser, seet den Giovanni Patri, deen elo an der Kris eng Associatioun gegrënnt huet, fir d'Interête vun den Independanten a Start-Uppen ze vertrieden. Eng 1.000 Membere wiere scho bäigetrueden. Punkto Loyere misst d'Regierung dringend handelen.

Giovanni Patri, President Alliancup:"Dat heescht oder e Gesetz oder steierlech Erliichterunge fir déi, déi e Loyer deels oder ganz reduzéieren zum Beispill."

Den Alfonsino Nigro fir säin Deel hofft lo mol op d'Solidaritéit vun der Brauerei. Eng Faillite wëll de Patron evitéieren. Ma déi schwéierst Zäit kéim eréischt wa bis nees opgemaach géif. Awer just ee Brochdeel vun de Clientë kann empfaange ginn. Mat Käschten an engem Loyer vun 100%. D'Zukunft wär méi wéi ongewëss.

Alfonsino Negro: "Virdrun war d'Zukunft scho fréier virauszegesinn, elo ass se onméiglech virauszegesinn. Ech verschëlde mech, awer ech weess net, ob ech à même sinn, fir déi Schold herno ze begläichen. Dat weess ech net."

Back to Top
CIM LOGO