
Um Stater Friddensgeriicht war et en Donneschdeg d'Suite vun der Loyersaffär um Lampertsbierg, bei där e Locataire eng Baisse vu sengem Loyer gefrot hat, well dësen net konform mam Gesetz wier. D'Geriicht huet zwar d'Demande vum Locataire fir eng Baisse vum Loyer, ma och déi vum Proprietär fir de Loyer nach weider an d'Luucht ze setzen, als recevabel erkläert. Wéi héich de Loyer elo wierklech dierf sinn, soll elo en Expert klären, deen en Donneschdeg de Moie vum Geriicht genannt gouf. Dësen huet elo zwee Méint Zäit, fir als éischt ze probéieren, fir mat béide Parteien eng Eenegung ze fannen, oder, sollt dat net méiglech sinn, an engem Rapport ze klären, wat d'Gebai beim Kaf 1957 wäert war, wat deemools dofir bezuelt gouf, wéi vill iwwert d'Joren investéiert gouf, a wat d'Miwwelen am Appartement wäert sinn.
D'Käschte fir dës Expertis muss de Proprietär iwwerhuelen. D'Suite vum Prozess ass fir de 14. Mee ugesat.
D'Gesetz, op dat sech de Locataire berifft, ass vun 2006 a sollt eigentlech dofir suergen, dass d'Loyeren net onverhältnesméisseg héich kënne klammen, par Rapport zur Valeur vun der Wunneng. Konkret seet d'Gesetz, dass de Loyer pro Joer net däerf méi héich sinn, wéi 5 Prozent vum Investissement vum Proprietär.
Dat féiert allerdéngs dozou, dass fir dat selwecht Gebai komplett verschidde Loyere kéinte gefrot ginn, jee nodeem, wéi d'Situatioun vum Proprietär ass. Huet de Proprietär d'Haus zum Beispill geierft an duerno just gefléckt respektiv moderniséiert, dierf hie maximal 5 Prozent vun deem, wat hien iwwert d'Joren investéiert huet, als Loyer froen. Verkeeft hien d'Gebai zum haitege Marchéspräis, dierf deen neie Proprietär senge Locatairë 5 Prozent vun där Zomm froen, déi hie bezuelt huet, an deemno e gudde Pak méi, wéi dee viregte Besëtzer.
LINK: Weider Detailer op RTL5minutes
Um Lampertsbierg an um Geriicht: Locataire wëll säi Loyer ëm 40% reduzéiert kréien