Deels wéinst CoronaLiwwerketten-Problemer suerge fir Chaos weltwäit

Tim Morizet
D'Liwwerkette sinn d'Réckgrat vum globalen Handel. Corona awer weist, wéi fragil se ass an déi meescht Secteure si betraff.
Liwwerketten-Problemer suerge fir Chaos weltwäit
D'Liwwerkette sinn d'Réckgrat vum globalen Handel. Corona awer weist, wéi fragil se ass an déi meescht Secteure si betraff.

Vum Logement, dem Miwwelstéck, bis bei d'Spillsaach. Net nëmme China an d'USA si concernéiert, och zu Rotterdam waarde Container-Schëffer deels eng Woch, fir däerfen unzeleeën. E logistescht Chaos, dat mir um Enn alleguer spieren.

Wéi fragil déi global Liwwerkette sinn, huet den 23. Mäerz gewisen. Deemools hat d‘Containerschëff "Ever Given" duerch e schlecht Manöver de Sueskanal – d'Haapt-Liwwerstreck tëscht Europa an Asien – blockéiert. Konsequenzen, déi een haut nach spiert.

Just ee Problem vu villen. Steigend Präisser bei der Matière Première, Verspéidungen duerch den neien EU-Energie-Label, esou ewéi Covid-bedéngten Ausfäll an internationale Firmen suerge fir Chaos.

"De Schrott ass haut méi deier ewéi de Stol et nach virun engem Joer war. Dat stellt natierlech grouss Erausfuerderungen an et muss een d‘Präisser fir d‘Clienten upassen. Fir d‘Komplexitéit ze plangen natierlech ganz schwéier.", esou de Michel Wurth, den Direkter vun ArcelorMittal.

Net nëmme fir de private Menage sinn d‘Energiepräisser déi lescht Méint geklommen, och fir déi grouss Betriber. Et heescht ofweien.

"Zu Lëtzebuerg huet ArcelorMittal e bëssen den Avantage, datt d‘Elektro-Iewe flexibel sinn. Et kann een ofschalten, wann et ze deier gëtt. Op der anerer Säit, well Demande esou grouss ass, probéiere mer awer ze produzéieren."

No de grousse Clienten ass et schlussendlech den Endverbraucher, deen d‘Retarden ze spiere kritt, esou och an der Telekommunikatioun.

"Mir hunn effektiv och Problemer. Dat si virun allem déi technesch Installatiounen, déi mer bei eise Clienten doheem maachen. Set-Top-Boxen, FritzBoxen: do ass en Noutstand do. Bis ewell si mer nach dolaanscht komm, fir gréisser Delaie bei den Installatioune bei eise Clienten ze hunn. Mee dat ass och e Sujet, deen eis beschäftegt.", wéi de Claude Strasser, den Direkter vun der Post erkläert.

Och d‘Feierdeeg réckelen ëmmer méi an de Fokus an d‘Fro, ob d‘Regaler fir dës Deeg komplett gefëllt kënne ginn. Zum Beispill am Spillgeschäft si vill Produiten ëm 20-30% méi deier ginn. E Container aus China kascht haut an der Moyenne 6.500 Euro. Virun 2 Joer knapp 2.000 Euro.

"Mir kennen näischt géint d‘Kris maachen. Mir kënnen näischt géint Transportkäschte maachen. Et reflektéiert sech leider op d‘Präisser vu verschiddene Spillsaachen.", esou d'Delphine Simoens, d'Responsabel vun engem Spillgeschäft.

Och d‘Librairië gehéieren zu de Wackelkandidaten. Bis ewell ginn et just Retarden a Präishaussë bei Bicher aus Groussbritannien – Ursaach: Brexit.

"Mir sinn hei natierlech immens betraff, wann et esou wäit sollt kommen. Mir kruten e puer Maile vu Verlagen aus Däitschland, Frankräich an der Belsch, datt mer eis elo scho sollten op d'Geschäft ronderëm Chrëschtdag preparéieren. Mir sollten elo scho Produite virbestellen, déi warscheinlech gutt géife goen.", heescht et vum Elmira Najafi aus der Librairie an der Uewerstad.

Et wär ee preparéiert, heescht et an der Uewerstad – et wier awer och kee Grond, fir Panik ze verbreeden.

Back to Top
CIM LOGO