Portrait vun engem Flüchtling"Liewe retten dierf net strofbar sinn!", sou d'Sarah Mardini

RTL Lëtzebuerg
Viru 6 Joer ass d'Sarah Mardini mat hirer Famill aus Syrien geflücht. Elo riskéiert déi jonk Fra eng Prisongsstrof well si anere Flüchtlinge gehollef huet.
© Céline Spithoven

Um Dënschdeg Owend war d'Syrierin zu Lëtzebuerg op Besuch fir um IncluZone-Event deelzehuelen. 10 verschidde jonk Organisatioune sinn hei zesummekomm fir iwwert d'Inklusioun vu Flüchtlingen an der Gesellschaft ze diskutéieren. An dësem Kader huet och d'Sarah Mardini hir Geschicht erzielt.

Portrait Flüchtling / Reportage Dany Rasqué

Am Joer 2015 hunn d'Sarah Mardini an hir Famill wéinst dem Krich hiert Doheem a Syrien verluer. Fir der Gewalt ze entkommen, hu si entscheet aus Syrien ze flüchten.

D'Rees goung an d'Tierkei. Vun do aus goung et fir d'Sarah Mardini an hir Schwëster an engem iwwerfëllte Schlauchboot virun a Richtung Griicheland. Ënnerwee huet de Motor vum Boot awer de Geescht opginn an d'Sarah Mardini, hir Schwëster an zwee Männer hunn d'Boot méi wéi 3 Stonnen duerch d'Waasser gezunn, bis si alleguer op der Griichescher Insel Lesbos ukomm sinn. Vun do aus goung et fir si virun, queesch duerch Europa, bis si zu Berlin opgeholl goufen.

Duerch hir Erliefnisser huet d'Sarah Mardini fir sech entscheet, anere Flüchtlinge wëllen ze hëllefen. Dofir ass si 2016 zeréck op Lesbos gaangen. Als Sich- a Rettungsschwëmmerin huet si als Benevole fir eng ONG geschafft a versicht Flüchtlingen ze hëllefen, déi och mat klenge Booter a Richtung Griicheland ënnerwee sinn.

No zwee Joer Benevolat zu Lesbos wollt d'Sarah Mardini zeréck op Berlin fléien, wéi si um Flughafen vun der Griichescher Police verhaft gouf. D'Virwërf: Mënscheschmuggel, Spionage, Geldwäscherei an Aktivitéiten an enger krimineller Organisatioun. Fir déi jonk Fra onbeschreiflech. Ronn 100 Deeg souz si dunn am Prisong, bis si op Kautioun erauskoum.

An zwou Woche gëtt an hirem Fall vun engem Geriicht a Griicheland en Urteel gesprach. Am schlëmmste Fall kéint d'Sarah Mardini eng Prisongsstrof vu 25 Joer kréien. Déi mëttlerweil 26 Joer al Fra léist sech dovunner awer net ënnerkréien.

D'Sarah Mardini riskéiert 25 Joer Prisong.
D'Syrierin kënnt an zwou Woche viru Geriicht, well si Flüchtlingen zu Lesbos gehollef huet.

Op esou Eventer wéi an der Diskussiounsronn um IncluZone-Event erzielt si weider hir Geschicht a mécht sech fir aner Flüchtlingen an hir Rettung staark. Et dierft einfach net sinn, dass et a ville Länner strofbar ass enger Persoun a Nout net ze hëllefen an si eng Prisongsstrof riskéiert, well si Mënschen a Nout gehollef huet.

Back to Top
CIM LOGO