Aktuell beschäftegt si sech mat Satellitten-Technologie an der Bekämpfung vu Plastiksoffall am Mier. Gemeinsam mat Studentekolleegen huet d'Lëtzebuergerin op der Uni e Projet ausgeschafft, deen ugeholl gouf fir um International Astronautical Congress zu Dubai presentéiert ze ginn. Et geet drëms, mat Hëllef vu Satellitte Plastik an de Gewässer, a geziilt am arktesche Mier, besser detektéieren ze kënnen, fir dann op de problematesche Plazen z‘intervenéieren.
Well Satellitten eleng awer aktuell nach net wäit genuch entwéckelt wieren, sinn d’Studenten op d’Iddi komm, verschidde Methoden, déi schonn existéieren, mateneen ze verbannen a Regierungen an Entreprisen esou eng komplett Léisung unzebidden. D‘Samee Rousseau erkläert, dass ee sougenannt „High Altitude Ballons“ kéint notzen, fir d’Mier vun uewen z’observéieren. An dernieft kéinten eng Zort Roboteren an den Asaz kommen, déi am Mier, och ënnert dem Äis, Daten iwwer Plastikspartikelen am Waasser kënne sammelen a weiderschécken.
Weltwäit géifen iwwer 800 Milliounen Tonne Plastik pro Joer am Waasser landen. Problematesch wier dat virun allem, well grouss Plastiksstécker sech mat der Zäit géifen zersetze bis hin zu Nanopartikelen, déi een net méi kéint erausfilteren. Déi géifen duerch d‘Haut vun de Fësch goen, mat der Konsequenz, dass déi „beschiedegt“ Fësch vu Mënsche giess géife ginn. An Etüde wier iwwert dee Wee zum Beispill scho Plastik am Kierper bei schwangere Fraen detektéiert ginn. Dat kéint Komplikatioune bei Puppelcher mat sech bréngen.
D’Presentatioun vum Projet vun der Lëtzebuergerin Samee Rousseau konnt um IAC zu Dubai iwwerzeegen an an der Kategorie „Applications and Operations“ huet d’Studententeam den éischte Präis gewonnen.
Wirtschaftsmissioun: Nei Lëtzebuerger Initiativen am Space-Beräich zu Dubai virgestallt