
De Won ass mat ronn 200 km/h a Richtung Lëtzebuerg gefuer an hat probéiert, de belsche Policewon vun der Strooss ze drécken. Direkt goufen op Lëtzebuerger Säit sämtlech Moossname geholl, fir de flüchtege Fuerer ze stoppen.
Op der Héicht vun der Opfaart Stengefort ass de Flüchtegen an d'kalifornesch Mauer gerannt, éier en an de Leitplanke gelant ass. De Chauffer, dee vu Metz war, gouf net blesséiert, gouf awer festgeholl.
Mat Hëllef vun engem Police-Hond konnten am Auto 7.647,83 Gramm Kokain fonnt ginn. Déi Quantitéit huet e Wäert vu ronn 596.000 Euro. Op Uerder vum Parquet ass de Mann festgeholl ginn an den Auto saiséiert.