
En Duerchschnëttshaushalt hei zu Lëtzebuerg gëtt all Joers an der Moyenne 1.260 Euro fir Diesel a Bensin aus, déi Zuel huet de Statec en Donneschdeg publizéiert a referéiert sech op d’Joer 2017.
420 Euro wier d’Moyenne vu Mazoutkäschten, an ronn 100 Euro fir den ëffentlechen Transport.
Dëst wiere statistesch Zuelen a kéinte jee no Menage a senger Zesummesetzung natierlech staark variéieren, ass ze liesen.
Kloer wier awer, dass sech d’Depense fir Sprit deemno ferme op de Budget, virun allem vu Leit mat manner Akommes géifen auswierken, schreift de Statec.