
Déi Lëtzebuerger Wirtschaft huet sech am 3. Trimester dëst Joer nawell gutt erholl, dat mat enger Hausse vu ronn 10 Prozent beim PIB. Dat schreift de Statec a senger Konjunktur-Nott vum Dezember. Dat wier zwar manner wéi an der Eurozon, ma dat wier well d'Aktivitéit zu Lëtzebuerg virdru manner déif agebrach gewiescht wier.
Iwwert de Summer hätt sech d'Wirtschaft queesch duerch d'Bänk relativ gutt erholl, woubäi déi gréissten Haussen an der Industrie, dem Commerce, der Constructioun an dem Finanzservicer verzeechent gi wieren. Och d'Consommatioun an d'Investissementer vun de Stéit, déi jo am 2. Trimester massiv agebrach waren, hätten sech erëm gutt erholl, mat engem Plus vun 23 a 34 Prozent.
Op d'Joer gekuckt, géifen dës Resultater bedeiten, dass Lëtzebuerg 2020 e Wuesstem vu Minus 1,4 Prozent hat. Viregt Previsioune vum Statec wieren deemno ze vill pessimistesch gewiescht. Allerdéngs stinn d'Zeechen am 4. Trimester net méi esou gutt, wéinst der zweeter grousser Corona-Well an de Mesuren, déi dowéinst geholl goufen.