Rekordbaisse op de BourssenLëtzebuerger Bourse mat Optimismus an der Kris

Maxime Gillen
Nieft der reeller Ekonomie hunn och d'Finanzmarchéë béis un der Kris ëm de Coronavirus ze knaen.
Lëtzebuerger Bourse mat Optimismus an der Kris
Nieft der reeller Ekonomie hunn och d'Finanzmarchéë béis un der Kris ëm de Coronavirus ze knaen.

D'Coursen op de Bourssen uechter d'Welt sinn deels mat Rekord-Vitessen an de Keller gaangen, wat entspriechend Panik bei den Investisseuren ausgeléist huet. Eng Panik, déi sech zwar e bësse geluecht huet, ma déi awer dozou gefouert huet, dass zum Beispill d'Wall Street zu New York den Handel e puer Mol huet mussen aussetzen. Wéi héich wäert de Benefice vun der Entreprise X um Enn vum Joer sinn? Dat ass vereinfacht gesot, d'Fro déi sech Investisseure stelle, wa si an Aktië vun dëser Entreprise investéieren. Deemno sinn d'Coursen op der Bourse eng Zort Previsioun vum Marché op d'Performance vun de kotéierte Betriber.

D'Kris ëm de Coronavirus huet d'Investisseuren uechter d'Welt enorm veronséchert, well op eemol kee méi ka virausgesinn, wéi et mat der Ekonomie virugeet.

Se Robert Scharfe, Generaldirekter vun de Lëtzebuerger Bourse:

"New York war ganz staark getraff an huet véier Mol an där Period missen temporär aussetzen, wou am Fong den Trading gestoppt ginn ass, well d'Baisse einfach ze grouss war, fir datt d'Investisseuren sech nach eng Kéier kënnen iwwerleeën ob se da wëlle weider fueren.“

D'Situatioun huet sech zanterhier wuel e bësse berouegt an awer bleift eng gewëssen Onrou, mat deels staarkem Op an Of bei verschiddene Coursen.

Den Olivier Goemans, Direkter fir Investitiounsservicer bei der BIL:

„On a connu pire dans l'histoire, mais on n'a jamais connu une correction si brutale, si rapide. Et pourquoi? Parce que c'est un choc complètement exogène indépendant du système économique traditionel.“

An obschonn aktuell kee weess, wéi laang dës Kris nach wäert daueren a wéi en Impakt se op déi eenzel Entreprise wäert hunn, weisen sech d'Experten optimistesch.

„On a cette hypothèse que c'est un choc, c'est un choc temporaire. Les économies vont se remettre debout. La situation va se normaliser à un moment ou un autre.“ 10

Déi annoncéiert Hëllefe vun den eenzele Regierungen, der EU, den Zentralbanken an esou weider droen zu dësem Optimismus bäi – virun allem bei der Bourse zu Lëtzebuerg. Dës handelt nämlech virop mat Obligatiounen.

Nach eng Kéier de Robert Scharfe, Generaldirekter vun de Lëtzebuerger Bourse:

„Virun allem ginn nei Obligatiounen am Marché emettéiert a komme weider op Lëtzebuerg, fir kotéiert ze ginn. An do muss ech soen, dat ass eisen Haaptbusiness all Dag. Do si mir an der Tëschenzäit, elo iwwert déi lescht zwou Wochen handele mir oder kotéiere mir op Rekordniveauen.“

Déi gréisst Onsécherheet esou wuel fir d'Finanzmarchéen, wéi fir d'Wirtschaft allgemeng bleift op alle Fall d'Ongewëssheet, wéi laang dës Kris nach dauert a wéi laang et dauert fir sech dovun z'erhuelen. An esou laang wäert et op Wall Street a Co och nach e bëssen op an of goen.

Back to Top
CIM LOGO