
Am Mee dëst Joer, dat heescht 19 Joer nodeems d'Commande gemaach gouf, soll deen éischten vun am Ganzen 8 Airbus A400M ausgeliwwert ginn, dee vu Lëtzebuerg. Déi aner 7 hat déi belsch Regierung bestallt. Déi Fligere solle bis 2022 prett sinn.
RTL NEWS: Den Airbus A400M hëlt Form unDe Lëtzebuerger Airbus soll, wann en 2021 bis operationell ass, um belsche Fluchhafen zu Melsbroek bei Bréissel stationéiert an och do ënnerhale ginn.
De Bau ass deemno ofgeschloss an e Méindeg goufen d'Turbinnen eng éischte Kéier getest. An e puer Wochen, heescht et am Tweet, soll de Lëtzebuerger Militärfliger da seng och säin éischte Vol absolvéieren.