Äntwert op parlamentaresch FroLëtzebuerg krut an 1. Phas eng Zouso fir 9.700 Vaccinen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie krut d'Santé déi Bestätegung vu Pfizer/Biontech. Domat kënnen dann 4.850 Leit geimpft ginn, well jidderee jo 2 där Dose brauch.

Lëtzebuerg kritt an enger éischter Phas 9'700 Corona-Vaccinen. Well all Persoun muss zweemol geimpft ginn, kënne domat ronn 4'850 Persoune geimpft ginn. Dat sinn d'Zuelen, déi d'Regierung vum Produzent Pfizer/Biontech en Dënschdeg confirméiert krut. Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng urgent parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierten Laurent Mosar a Claude Wiseler.

PDF: Äntwert op dréngend parlamentaresch Fro vun Laurent Mosar

Back to Top
CIM LOGO