Um Méindeg de Moien huet d'Inneministesch Taina Bofferding zesumme mat de Vertrieder vum CGDIS d'Konzept presentéiert. Dozou gehéiert, datt een an Zukunft gratis vun engem neie Cours profitéiere kann: 16 Stonnen Nolauschteren an Üben, da wär een als Bierger gutt preparéiert, fir bei engem Brand adequat ze reagéieren.
"All Feier fänkt kleng un, a wann an der éischter Minutt vläicht e Glas Waasser duergeet, da geet et an den nächste Minutte vläicht just nach mat engem Feierläscher duer. An an de Minutten, déi dropkommen, muss schonn e Pompjeescamion kommen, fir de Brand ze läschen. Dofir sinn d'Bierger genee esou wéi bei der éischter Hëllef e wichtege Partner, fir dass et net zu gréissere Katastrophe kënnt", sou de Steve Mack vum CGDIS.
Vum nächste Fréijoer u gëtt de Cours fir näischt offréiert. En ass aus e puer Deeler zesummegesat: Geforen am Haushalt, an der Fräizäit beim Grillen zum Beispill, a fir kleng Kanner. Och e prakteschen Deel dobausse mat Feierläscher steet um Programm. Zu der Präventioun gehéiert och den Dampmelder, deen nom Joreswiessel fir all Stot obligatoresch soll sinn. Obligatoresch ass vill gesot, et wäerte keng Kontrolle ginn, an och d'Assurancë kënnen sech net op dat Adjektiv beruffen. "Mir sinn eis mat den Assureuren eens, datt si net herno kënnen eng Klausel dra bauen, datt, wann, ee keen Dampmelder installéiert hätt, datt d'Assurance dann net kann opkommen", huet d'Inneministesch ënnerstrach.
Elo feelt nach den Avis vum Staatsrot, da kann an der Chamber iwwert dat Gesetz ofgestëmmt ginn. Den Dampmelder wäert och en Donneschdeg um éischten nationalen Dag vun der Präventioun zu Diddeleng Haaptsujet sinn. Do hält den pensionéierten Hamburger ''Oberbranddirektor'' Klaus Maurer eng Konferenz. D'Regierung fërdert d'Elektromobilitéit... wann esou e Gefier awer bis brennt, hunn d'Pompjeeën et schwéier: "Déi musse massiv mat Waasser gekillt ginn. Dat kann iwwer Stonnen an heiansdo Deeg nees ''rückzünden''. Dat ass net näischt, wann esou en Elektro-Auto brennt. Mir haten der och schonn a mir krute se nach ëmmer aus. Mir forméieren eis Leit, fir mat dësen neien Erausfuerderungen eens ze ginn", sot de Steve Mack.
De CGDIS wäert vum 12. bis den 20. Oktober och op der Wunn-Foire an der Luxexpo mam Sujet Brand-Präventioun präsent sinn.