Parlamentaresch FroLëtzebuerg huet nach 180.000 Dosisse vum Corona-Vaccin zur Dispositioun

RTL Lëtzebuerg
Bei méi wéi 2/3 dovunner handelt et sech ëm den Impfstoff vu Biontech/Pfizer.
© AFP

Déi meescht Vaccine lafen 2022 oder 2023 of. Déi 13.000 Dosisse vun AstraZeneca an och en Deel vum Moderna-Produit erreechen allerdéngs schonn Enn November dëst Joer hier Datumslimite.

Dat äntweren d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Kooperatiounsminister Franz Fayot de gréngen Deputéierte Stéphanie Empain a Marc Hansen op eng parlamentaresch Fro.

Déi Vaccinen, déi lo geschwënn oflafen, solle prioritär agesat ginn. Am September war annoncéiert ginn, datt de Grand-Duché dem Cap Vert 56.000 Dosissen AstraZeneca zur Dispositioun stellt.

Back to Top
CIM LOGO