
D'Mënschen u Bord vum Rettungsschëff "Ocean Viking" duerften haut op Lampedusa u Land goen - dat huet d'Hëllefsorganisatioun SOS Méditerranée matgedeelt. Et hätt een d'Autorisatioun vun den Autoritéiten haut kritt.
SOS Méidterranée a Médecins sans frontières haten 82 Mënsche virum erdrénke gerett an hunn zanter enger Woch op e sécheren Hafe gewaart. Dem franséischen Inneministère no sollen déi gerett Migranten op fënnef Länner verdeelt ginn, Frankräich, Däitschland, Italien, Portugal a Lëtzebuerg. Wéi mir op Nofro vum Ausseministère confirméiert kruten, hëlt och Lëtzebuerg eng kleng Zuel vu Flüchtlingen op.
Déi nei italienesch Regierung beméit sech ëm en automatesche Verdeelungs-System vu Flüchtlingen, déi aus dem Mëttelmier gerett goufen. Déi däitsch Regierung huet proposéiert, no all Séinout-Rettung eng vu véier Persounen opzehuelen. Den 23. September sinn d'EU-Inneminister op Malta zesummen, fir sech op en Neits mam Thema auseneen ze setzen.