
Beim "Environmental Performance Index" kënnt Lëtzebuerg op déi zweete Plaz, hanner Dänemark a virun der Schwäiz.
Analyséiert ginn ënner anerem d'Loft- an d'Waasserqualitéit, d'Gestioun vum Dreck, CO2-Emissiounen an aner Facteure vun der ëffentlecher Gesondheet.
Den Environmental Performance Index (EPI) ass ee Fuerschungsprojet vun zwou US-amerikaneschen Unien (Yale/New Haven a Columbia/New York) am Optrag vum Weltwirtschaftsforum Davos, fir een internationalen Ëmweltindex ze entwéckelen. Den Index soll Ëmweltleeschtunge vu Staate quantitativ vergläichen, fir eng erfollegräich Ëmweltpolitik ze fërderen an donieft versichen, fir déi aktuell international Entwécklungsziler vun de Vereenten Natiounen wëssenschaftlech ze ergänzen.
