Panorama Social 2026 D’Steierreform ass eng “verpasste Chance fir d’Inegalitéiten”

Monica Camposeo
Gilles Hoffmann
Ongläichheete bleiwen zu Lëtzebuerg weider héich, kritiséiert d’Presidentin vun der Chambre des Salariés Nora Back.
Ufank Oktober huet d'Chambre des Salariés hire Panorama Social presentéiert.
Ufank Oktober huet d'Chambre des Salariés hire Panorama Social presentéiert.
© Gilles Hoffmann

Den Aarmutsrisiko an d’Inegalitéiten zu Lëtzebuerg bleiwen héich. Dat geet aus dem neie "Panorama social“ vun der Chambre des salariés ervir. Besonnesch Suerge mécht der CSL d’Situatioun vun de sougenannte "Working Poor", also de Leit, déi trotz Aarbecht finanziell ënner Drock stinn.

Eng wichteg Roll spillt dobäi de Logement: Bal all zéngte Stot muss méi wéi 40 Prozent vu sengem Revenu fir d’Wunnen ausginn. Nieft dem Loyer goufen d’Prêten an d’Niewekäschte consideréiert. Kuckt ee just d'Locatioun, esou ginn d'Locatairen an der Moyenne 27 Prozent vun hirem Revenu fir de Loyer aus.

Jonker besonnesch staark betraff

Bal 15 Prozent vun der Gesamtbevëlkerung riskéieren, an d’Aarmut ze rëtschen. Bei den 18- bis 24-Järegen ass den Undeel mat 26 Prozent awer nach däitlech méi héich.

© Gilles Hoffmann

De Sylvain Hoffmann, Direkter vun der CSL, mécht virun allem de Verglach mat den aneren EU-Länner Suergen. Besonnesch betraff si Famillje mat elengerzéienden Elteren. An där Kategorie läit den Aarmutsrisk bei 40,5 Prozent. Bei Famillje mat dräi oder méi Kanner sinn et 36,7 Prozent, déi riskéieren, an d'Aarmut ze rëtschen. Wat dem Direkter vun der CSL no ze denke gëtt: "Do si mer dann iwwerduerchschnëttlech schlecht an dat ass wierklech beonrouegend an engem räiche Land, dass mer et do net hikréien, fir dat opzefänken iwwert besser Sozialtransferten."

Hunn d'Hëllefen net genuch Wierkung? 

Wéi grouss déi finanziell Schwieregkeete fir verschidde Stéit sinn, weist och d’Entwécklung bei den Offices sociauen. Zejoert goufe ronn 6 Milliounen Euro un Aiden, déi d'Leit net mussen zeréckginn, ausbezuelt. Tëscht 2015 an 2025 huet sech d’Zomm vun den Hëllefe fir d’Alimentatioun verdräifacht, zum Beispill fir Leit, déi op sozial Epicerien ugewise sinn.

D’Nora Back, Presidentin vun der CSL, stellt a Fro, ob déi aktuell Sozialtransferten hir Wierkung genuch erfëllen. Et géing dann och bei de Sozialhëllefen Inegalitéite ginn, well Frontalieren ausgeschloss ginn. Si nennt ënner anerem gratis Schoulbicher an d’Kantinnsiessen, vun deenen d’Kanner vu Frontaliere jo net profitéiere kënnen.

Den nationalen Aarmutsplang geet der CSL net wäit genuch. Besonnesch beim Mindestloun a bei der Mindestrent misst et Upassunge ginn. "Mir brauchen e staarke Mindestloun a mir musse weider dofir streiden. Bei der Mindestrent, déi ass och ze déif, well den Taux de pauvreté vun de Rentner huet sech an deene leschten zéng Joer verduebelt. Deen ass drastesch an d' Luucht gaangen. An duerfir fuerdere mir och eng Erhéijung vun der Mindestrent. Dat sinn awer alles Saachen, déi sech an deem Aarmutsplang net erëm fannen." Och beim Logement gesäit d’Chambre des salariés nach Handlungsbedarf, well deen eben eng wichteg Roll spillt bei den Inegalitéiten, och dat géing am nationale Plang géint d'Aarmut awer feelen.

D’Nora Back plädéiert virun allem fir besser Léin, amplaz ëmmer méi op Sozialhëllefen zeréckzegräifen. D’Leit missten duerch hir Aarbecht selwer kënne liewen. Och d'Steierreform wier eng "verpasste Chance fir d’Inegalitéiten”.

Héije Chômage trotz Personalmanktem

Zousätzlech mécht der CSL de Chômage Suergen. Dee läit esou héich wéi zanter Joren net méi. Gläichzäiteg feelen a verschiddene Secteuren Aarbechtskräften, notamment am Handwierk. "Dat ass och wierklech beonrouegend, dass mer do elo och nach just europäeschen Duerchschnëtt sinn", esou den Direkter vun der CSL, "an do muss een effektiv kucken, wéi een dat elo besser an de Grëff kritt, well Lëtzebuerg war ëmmer bekannt als dat Land mat deenen niddregste Chômagetauxen an Europa. Et gi jo och Leit gesicht, a verschidde Secteuren ass souguer eng Penurie."

De Sylvain Hoffmann gesäit do ënner anerem eng méi intensiv a méi laang Formatioun als wichtege Bestanddeel vun der Léisung. Domadder géing een d'Leit da méi laangfristeg fir den Aarbechtsmaart fit maachen, amplaz ëmmer just nach kuerze Formatiounen ze "pléischteren".

Back to Top
CIM LOGO