Clever Wunnen, Sue spueren, ënnert deem Motto wëllt den Nohaltegkeetsministère ekologescht Wunnen ukuerbelen an an engems dem Handwierk no der Covid-Kris erëm op d'Been hëllefen. Esou sinn d'Subside fir ekologesch Renovatioune vun Haiser substantiell an d'Luucht gaangen.
Wie säin Haus ekologesch renovéiere loosse wëll, kann nach bis den 31. Mäerz 2021 vun de sougenannte "clever Primmen" profitéieren. D'Demande muss bis den 31. Mäerz 2021 eragereecht ginn an d'Aarbechte musse bis den 31. Dezember 2022 ofgeschloss sinn. Geduecht ass déi Moossnam och als Ënnerstëtzung vum Handwierk no der schwéier Krisenzäit.
Nach wären ëmfaassend Renovatiounen net de Renner, seet de President vun der Handwierkerfederatioun, Michel Reckinger. Awer spezifesch Renovatioune, wéi Isolatiounsfassaden oder ekologesch Heiztechnik, wären dogéint vill gefrot.