
Dat hat d'Post virun e puer Wochen op enger Pressekonferenz annoncéiert.
Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet an enger Motioun d'Suspensioun vun der Aféierung vum Negativzëns gefrot. Dëst well vill Gemengen hire Konto bei der Post hätten a sou vun der neier Mesure betraff wieren. Den LSAP-Ekonomiesminister Franz Fayot huet awer no der Eko-Kommissiounssëtzung ënnerstrach, et wier eng Léisung tëscht dem Inneministère, dem Tresor, der Post an dem Ekonomie-Ministère fonnt ginn.
De Syvcol hat seng Suerg ausgedréckt, dat besonnesch Etablissements publics a Gemenge betraff wieren. Dofir sollen dës lo d'Méiglechkeet offréiert kréien, fir iwwer speziell "Bons de tresore" hiert Geld kënne beim Tresore unzeleeën. "Dat fir ze evitéieren, datt di Depoten, wat oft Depote vu Milliounen oder zéngte vu Millioune vun Euro fir verschidde Gemenge waren, weider bei der Post um Depot bleiwen", ënnersträicht de Franz Fayot. Wéi gutt dat Ganzt wäert an der Praxis funktionéieren, muss sech awer nach weisen, seet de Laurent Mosar. Hie betount, dat et keng komplizéiert Prozedur däerft ginn. Zu all Ament missten d'Gemengen iwwert hir Sue verfüge kënnen. Eng Fro, déi sech awer och stelle géing wier, dat den Tresore jo awer keng Bank wier, mee de Staat. An den Tresor misst jo och op deenen Depoten, déi en op deene verschiddene Banken huet, wuel Negativzënse bezuelen. "Wann et dann net méi d'Gemenge sinn, ass et dann de Staat, deen di Negativzënse bezilt", freet de Laurent Mosar.
Dofir misst ee sech dann elo och d'Fro stellen, ob dat doten da wierklech déi ideal Léisung wier. De Franz Fayot sot dann och nach, dat Privatleit, déi méi wéi 250.000 Euro op engem PostCheck-Konto stoen hätten, villäicht missen iwwer en Investissement oder e Spuerkont op enger anerer Bank nodenken.
Woubäi et do jo och Negativzënse ginn.