
An domat gëllt déi och nodeems den Etat de crise ausgelaf ass.
De Gesetzprojet 7588 wäert besonnesch d'Studenten interesséieren, déi den Ament an de Schoulen aushëllefen. Duerch d'Opsplécke vun de Klasse war de Besoin un Educateure jo vill méi grouss ginn. A fir de Manktem un Personal auszegläichen huet den Educatiounsministère decidéiert, fir op d'Hëllef vu Studenten zeréckzegräifen. De Rapporter vum Gesetzprojet, den DP-Fraktiounschef Gilles Baum erkläert:
"Laut de Virschrëfte vum Code de travail kéinten d'Studenten allerdéngs net fir de geplangten Accueil rekrutéiert ginn. Éischtens dierf ee Student maximal 2 Méint pro Joer schaffen an zweetens däerf de Student just wärend senger Fräizäit oder Vakanze schaffen. Dëse Projet de loi proposéiert eng temporär Derogatioun par Rapport zum Code de travail, deen all Student betrëfft, deen iwwer d'Period vum 25. bis den 15. Juli fir den Accueil extra-scolaire engagéiert gëtt. An zwar soll dës Period net zum Cumul vun de maximalen Aarbechtswoche vun 2 Méint maximal consideréiert ginn. Et wëll een dëse Studenten also och erméiglechen, wärend der grousser Vakanz nach kënne schaffen ze goen, falls si dat wëllen. Wéi de Bildungsministère betount, sinn d'Tâchë vun der Kannerbetreiung mat vill Responsabilitéit verbonnen a well d'Studenten op Basis vun hire Kontrakter just 80 Prozent vum Mindestloun verdéngen, well een hinnen entgéintkommen a si brauchen deemno keng Steieren op hire Paien ze bezuelen.“
De Gesetzprojet gouf mat 36 Jo-Stëmme vun der Majoritéit, de Piraten an déi Lénk ugeholl. 20 Enthalunge goufen et vun der CSV a 4x Nee-Stëmme vun der ADR.
Donieft gouf dann och de Projet de loi 7604 mat 34 Jo-Stëmmen a 26 Abstentiounen ugeholl, wou et ëm d'Formatioun an d'Evaluatioun vun den Stagë vun den zukünftegen Enseignante geet. Duerch d'Kris konnte si hir praktesch Stonnen dacks net alleguerte maachen, dofir goufen elo Dispositiounen ugeholl, fir hinnen z'erlaben, hire Parcours ofzeschléissen.