Mat 42 Jo-StëmmenLaurent Scheeck neie Generalsekretär vun der Chamber

RTL Lëtzebuerg
De Laurent Scheeck iwwerhëlt domadder am Laf vum Joer d’Successioun vum Claude Frieseisen.

D’Chamber huet en neie Generalsekretär, de Laurent Scheeck gouf mat 42 Stëmme gewielt. Am ganzen haten 55 Deputéiert ofgestëmmt.

Am Laf vum Joer wäert den aktuelle Generalsekretär Claude Frieseisen an d'Pensioun goen, datt no 17 Joer un der Spëtzt vun der Administratioun. D'Gesetz gesäit vir, datt wärend enger Iwwergangszäit dann zwou Persounen de Poste vum Generalsekretär hunn, de Sekretär sortant huet awer weider d'Funktioun. Wéi laang dës Period awer nach dauert, muss nach definéiert ginn.

PDF: De Liewenslaf vum Laurent Scheeck

Back to Top
CIM LOGO