Bilan vun der PoliceLandeswäit 300 Corona-Kontrollen, Party zu Rodange mat ronn 100 Leit opgeléist

RTL Lëtzebuerg
Konzentréiert gouf sech virun allem op d'Anhale vun der Ausgangsspär an op d'Reegelen a Restauranten, Caféen a bei Versammlungen agehale goufen.

Am Ganzen hunn am Kader vun de Kontrolle ronn 160 Persoune misste méi oder manner déif an d'Täsch gräifen. De gréissten Deel vun de Verstéiss ass op net Anhale vun der Ausgangsspär zeréckzeféieren.

Dobäi kommen 12 Fäll, wou sech net un déi sanitär Mesure gehale gouf. De 7. Dezember goufen zu Esch géint 18 Auer Leit erwëscht, déi an engem Liewensmëttelgeschäft ouni Mask an ouni Ofstand Gedrénks consomméiert hunn. Den 13. Dezember gouf da kuerz no Mëtternuecht eng Party zu Rodange opgeléist, dat mat iwwer 100 Leit.

D'Police erënnert dohier nach eemol un déi nei Mesuren, déi jo de 26. November a Kraaft getruede sinn:

- Maximal 2 Persounen, déi zu deem selwechten Haushalt gehéieren, dierfen ageluede ginn
- Fir d'Zäit tëscht 23 - 6 Auer gëllt eng Ausgangsspär
- Restauranten, Bistroen a Caféë mussen zou bleiwen

Eng Iwwersiicht a weider Detailer ginn et hei!

D'Police wäert och an Zukunft weider Kontrollen duerchféieren.

Back to Top
CIM LOGO