Psychotherapie zu LëtzebuergLaang Waardelëschten, vill Psychotherapeute wëllen net Independant sinn

Lynn Cruchten
Claude Zeimetz
Psychotherapeutesch Ënnerstëtzung zu Lëtzebuerg froen a kréien, erfuerdert Courage a Gedold.
Laang Waardelëschten, vill Psychotherapeute wëllen net Independant sinn
Psychotherapeutesch Ënnerstëtzung zu Lëtzebuerg froen a kréien, erfuerdert Courage a Gedold.

Et ass sécher net sou einfach, sech éischtens anzegestoen, datt een Hëllef brauch an dann zweetens och de Courage ze hunn, effektiv Hëllef ze sichen. Ma wie sech zu Lëtzebuerg un e Psychotherapeut wëll wenden, brauch ënner Ëmstänn nach eppes: Gedold. Vun engem hallwe Joer Waardezäit geet am Secteur rieds. Verschidden Therapeute géife souguer keng nei Patiente méi unhuelen.

D’Zuel u Psychotherapeuten ass iwwert déi lescht Jore staark geklommen. Tëscht 2016 an 2023 ass d’Zuel vun deenen, déi effektiv Patienten hei am Land behandelen, ëm iwwer 600 Prozent an d’Luucht gaangen. Net vu Muttwëll, well d’Demande ass grouss. 2024 hu méi wéi 15.500 Leit, déi zu Lëtzebuerg verséchert sinn, vun insgesamt bal 100.000 Psychotherapie-Seancen am In- an Ausland profitéiert. Dorënner iwwer 4.400 Assuréen tëscht 30 an 39 Joer.

Dozou den Alain Massen, Psychotherapeut  an Tresorier vun der Fapsylux:

"D’Demande an eiser Gesellschaft (…) ass vill méi grouss. An duerch de Remboursement ass och vläicht d’Hemmschwell vill méi niddreg ginn (…) Dat heescht, mir kommen der Demande net no.“

Zanter 2023 gëtt Psychotherapie vun der CNS rembourséiert. Bei Erwuessenen zu 70 Prozent, bei Mannerjäregen integral. Ma d’Patiente mussen d’Rechnung nach ëmmer fir d’éischt selwer bezuelen. De Paiement immédiat direct, kuerz PID, gëtt et bei de Psychotherapeuten net.

"Mir kruten ëmmer vun der CNS gesot, dass mer kee PID kéinte benotze fir eis Patienten (…) D’Eegepartie, dat sinn awer 30 Prozent, dat ass awer nach eng gewëssen Zomm Geld fir vill Leit.“

Genee esou Froe kéinten an enger Konventioun tëscht der CNS an der Fapsylux gereegelt ginn. An déi Konventioun wier och scho viru Jore praktesch fäerdeg ausgehandelt gewiescht, misst awer nach vum Service juridique vun der Gesondheetskeess iwwerpréift ginn. Sou laang géif weider op Basis vun engem ministerielle Reglement geschafft ginn. Dat géif am Alldag funktionéieren, seet d’Fapsylux. De gréisste Problem um Terrain géifen d’Waardelëschte bleiwen, well et fir vill Psychotherapeuten och finanziell net attraktiv genuch wier, sech als Independant hei am Land z’etabléieren.

„(…) Doduerch hu mer dann all déi Listes d'attentes, wou et jo heiansdo méintlaang dauert, bis een eng Plaz fënnt, (…) well d'Konditiounen einfach net ganz interessant sinn, fir als Fräischaffende sech ze etabléieren. Et ass da besser, ech ginn och op d'Éducation nationale schaffen an eng Schoul, als Psycholog, ech hunn eng gutt Pai (…) an ech hunn einfach all déi Risiken net, déi een als Fräischaffenden huet hei am Land.“

 Hëllef bei engem Psychotherapeut sichen ass also eng Saach. Se och zäitno ze kréien, bleift zu Lëtzebuerg eng Erausfuerderung.

An enger éischter Versioun hat RTL geschriwwen, datt et vun der Gesondheetskees géing heeschen, datt nach Verhandlunge géinge lafen. Dofir kéint ee sech zu deem Zäitpunkt net äusseren. D'Duerstellung vun de Psychotherapeute war awer eng aner. Dem Alain Massen no wieren d'Negociatiounen iwwer d'Konventioun zanter zwee Joer ofgeschloss. Op eis Nofro um Telefon hin, huet eng Pressespriecherin vun der CNS erkläert, datt si sech schlecht ausgedréckt hätt an hirer schrëftlecher Äntwert un RTL. Et géife wuel keng Verhandlungen iwwert d’Konventioun mat der Fapsylux méi lafen mä well den Dossier nach net ofgeschloss ass, géif een zu dësem Zäitpunkt kee Statement dozou ofginn.”

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO