"Weider esou Lëtzebuerg?"Kritik vum CHL-Generaldirekter Dr. Romain Nati

RTL Lëtzebuerg
Op senger Facebook-Säit huet de Generaldirekter vum Centre Hospitalier Bedenke geäussert am Hibléck op déi aktuell Corona-Zuelen hei am Land.

„Bei der Stierwesrat vun ca. 1% wäerten vun deenen 506 Mënschen, déi gëschter positiv getest gi sinn , der 5 déi nächsten Wochen net iwwerliewen." Dat huet den Direkter vum CHL, de Dr. Romain Nati an der Nuecht op Facebook geschriwwen.

Den Direkter vum Centre Hospitalier schreift a sengem Post weider: „Mir wëssen , dass deen allergréissten Deel vun den Doudegen net mat ma wéinst dem Coronavirus stierwt. 5 Familljen, déi haut nach net wëssen, dass se 2021 an Trauer ufänken wäerten."

Dem Romain Nati no wier dat zanter Wochen „eis Realitéit“. Hie freet um Schluss: „Weider esou Lëtzebuerg?”

Back to Top
CIM LOGO