
Déi hätt d'Bierger net am Virfeld mat abezunn an och net ëm hir Meenung gefrot. Dobäi wier d'Abannung vun de relevanten Acteuren a virun allem vun de walberechtegte Bierger ganz wichteg bei dësem heekelen Thema, sou d'Staatskummer déi dann och un de Referendum vun 2015 erënnert. Datt déi national Gesetzgebung net kompatibel mam EU-Recht wier, loossen d'Staatsbeamten net gëllen, virun allem well d'Regierung mam Abezéien vu Persounen aus Drëttstaaten iwwert d'EU-Direktiv erausgeet. Sozial Integratioun géif anescht goen.