Sécherheet an der StadKontrakt mat privater Sécherheetsfirma geet de 15. November op en Enn

RTL Lëtzebuerg
Vum 15. November u patrulléiere keng privat Sécherheetsleit méi am Stater Garer Quartier an zu Bouneweg, sou den 100,7 en Dënschdeg.

De Stater Schäfferot huet nämlech decidéiert, säi Kontrakt mat der privater Sécherheetsfirma G4S oflafen ze loossen, sou de Stater CSV-Schäffe Serge Wilmes. Et wéilt een eng Biergerversammlung ofwaarden, ier iwwert déi weider Demarche decidéiert gëtt. En Datum fir déi Biergerversammlung gëtt et nach net.

Donieft wéilt een "konstruktiv" sinn, nodeems d'Regierung en neie Mesurëpak géint d'Drogekriminalitéit presentéiert huet, sou de Serge Wilmes weider. D'Erfarung mat G4S wier an den Ae vum Schäffen eng "gemëschten". Den Tëschefall Ufank September, wéi en Hond vun der privater Patrull eng Persoun gebass huet, wier "een Element, mee net d'Haaptelement", fir de Kontrakt net ze verlängeren.

D'politesch Oppositioun am Stater Gemengerot huet d'Decisioun vum Schäfferot per Communiqué begréisst a behaapt, dee Revirement wier warscheinlech net ouni hiren Drock zustane komm. Déi Gréng, d'LSAP an déi Lénk an der Stad verlaangen, datt de Schäfferot sech an Zukunft och un d'Verfassung an un d'Gesetzer hält a keng nei Konventioun mat enger privater Sécherheetsfirma ageet.

Back to Top
CIM LOGO