Corona-Situatioun LëtzebuergKommunikatioun vun der Santé entscheedend fir déi nächst Wochen

Pierre Weimerskirch
Am Interview mat RTL, schwätzt de Virolog Claude Muller iwwert d'Corona-Situatioun zu Lëtzebuerg. Ënnert anerem wier eng besser Kommunikatioun néideg.
Kommunikatioun Santé entscheedend fir déi nächst Wochen
Am Interview mat RTL, schwätzt de Virolog Claude Muller iwwert d'Corona-Situatioun zu Lëtzebuerg. Ënnert anerem wier eng besser Kommunikatioun néideg.

Fir den Expert an der Virologie, de Professer Dokter Claude Muller, sinn et net d'Infektiounszuelen, déi aktuell mussen am Fokus stoen, mä d'Chiffere vun den Hospitalisatiounen. Hien ass optimistesch, datt déi, duerch d'Impfung an engem nidderege Beräich bleiwen.

"Mir hunn op där enger Säit dee saisonalen Effekt. D'Leit réckele méi enk zesummen, se sinn dobannen, et gëtt manner gelëft an dann hu mer natierlech och déi sekundär an tertiär Infektiounen, nom Ufank vun der Schoul, nom Ufank vun der Aarbechtswelt. Donieft sinn d'Moossnamen zeréck gefouert ginn. D'Leit wëllen erëm méi Fräiheeten. Se passen, mengen ech, och manner gutt op an dann hu mer natierlech och 220.000 Leit am Land, déi net geimpft sinn", esou de Claude Muller.

Wat d'Kommunikatioun iwwert d'Impfduerchbréch ugeet, mécht de Claude Muller der Santé Reprochen. Hie schwätzt am Interview mat RTL vun engem grousse Kommunikatiounsdefizit. D'Santé bezitt sech fir de Claude Muller op déi falsch Zuelen an hirer Kommunikatioun. Wann ee géif vun Impfduerchbréch schwätzen, misst ee sech op d'Zuel vun all de Leit baséieren, déi bis elo geimpft goufen, also op 420.000 an dat géif en anert Bild ginn.

"Da kënnt een op e Schutz vu 97,5 Prozent. Dat ass eppes ganz anescht, wéi dat wat d'Santé kommunizéiert an ech muss hinne wierklech do e Reproche maachen, dass si kommunizéiert, wéi vill ënnert deene PCR-Positive geimpft an ongeimpft sinn, wéi vill ënnert deenen Hospitaliséierten oder op den Intensivstatioune geimpft an net geimpft sinn. Dat gëtt e ganz falschen Androck an dat ass Waasser op d'Mille vun deenen, déi géint d'Impfung sinn", reprochéiert de Professer der Santé.

4. Covid-Well
De Pierre Weimerskirch war Invité um Plateau vum RTL-Journal.

Fir den Expert an der Virologie si keng aner Mesuren, mä eng däitlech besser Kommunikatioun néideg: "Ech mengen, datt ëmmer nach vill Leit denken, se kéinte waarden, bis mer eng Häerdenimmunitéit hunn an da mengen, se wiere fein eraus a bréichten net ze fäerten. Dat ass absolut falsch, mä déi Kommunikatioun schéngt awer esou unzekommen. Dat ass absolut falsch, well en aktive Mënsch, dee reest, huet méiglecherweis och hei Kontakt mat Leit, déi aus dem Ausland kommen. Dee gëtt mat ganz grousser Sécherheet iergendeng Kéier infizéiert."

Datt d'Regierung mat der Booster-Impfung bei deenen eelere Leit ufänkt a bei deenen, déi eng chronesch Krankheet hunn an dann am Alter lues a lues erof geet, ass fir den Expert an der Virologie, déi richteg Decisioun, well d'Situatioun aus Israel géif weisen, datt déi Leit, déi eng drëtt Impfung kritt hunn, ongeféier 20 Mol besser geschützt sinn, wéi déi, déi just zwee Mol Pfizer/Biontech gesprëtzt kruten.

Back to Top
CIM LOGO